Am Joer 2000 gouf d'ASBL Een Häerz fir kriibskrank Kanner vu betraffene Famillen a Frënn vu kriibskranke Kanner gegrënnt. Nach haut besteet de Conseil haaptsächlech aus Famillen, déi selwer materlieft hunn, wéi et ass, mat der Krankheet konfrontéiert ze sinn.

"D'Zäit vun der Erkrankung kann immens laang, ermiddend a schwéier si fir dat krankt Kand, awer och fir seng Elteren a seng Geschwëster. Mir bidden eng individuell prise en charge, 24 op 24 Stonnen. Dat doheem oder an der Klinik a sou laang wéi si dëst brauchen, fir si ze ënnerstëtzen an ze begleeden", erkläert d'Martine Wirtz, d'Direktesch vun Een Häerz fir kriibskrank Kanner.

Aktuell sinn 30 Famillen hei am Suivi. Si kréie psychosozial an administrativ Hëllef, palliativ Betreiung a finanziell Ënnerstëtzung. An dëse schwéieren Zäiten ass d'ASBL fir déi Betraffen eng Stäip an eng Begleedung op hirem Wee.

"All Famill ass anescht an all Famill huet aner Besoinen. Eis ass et wichteg, séier, flexibel an onkomplizéiert op all eenzele Besoin vun all Familljemember anzegoen an hinnen déi Hëllef ze ginn, déi si brauchen."

Doriwwer eraus proposéiere si och kreativ a spilleresch Atelieren an ofwiesslungsräich Ausflich fir d'ganz Famill. Méi doriwwer erzielt eis d'Zoé Valente am Reportage a féiert eis duerch dat Gebai, an deem hatt scho vill Stonne verbruecht huet an Erënnerunge geschaaft huet.