Matten am éischte Lockdown 2020 koumen de Gabriel a säin Zwillingsbrudder Diego gesond a monter op d'Welt. Mä wou de Gabriel just zwee Joer al war, huet sech d'Liewe vun der jonker Famill mat engem Schlag verännert. Wat nach alles op si duerkomme sollt, konnte si deen Ament nach net wëssen.

Ugefaangen huet et am Abrëll 2022, wou de Gabriel enges Daags bemol gehippt huet. Well hien awer den nämmlechten Dag gefall war, huet sech d'Famill ufanks net vill dobäi geduecht. Mä d'Symptomer sinn net besser ginn - ganz am Géigendeel. Iergendwann hat de klenge Jong esou vill Péng, datt hie just nach op de Knéie schlofe konnt.

Eng Analys no der anerer gouf gemaach, mee d'Dokteren hu keng Opfällegkeete festgestallt – bis de Gabriel no enger Narkos am Kader vun engem IRM bemol geläämt war. "En huet seng Been net gespuert. E konnt net méi goen", erënnert sech seng Mamm Sara Lopes. Eng Doktesch vum CHL Kannerkiibszenter huet der Famill dunn déi schwéier Noriicht iwwerbruecht - si hunn ee groussen Tumor um véierte Ventrikel am Gehier fonnt.

Am Kannerkriibszenter vum CHL krut de Gabriel seng Diagnos. / © Sarah Cames / RTL

"De Problem war, hien hat scho vill Metastasen. De ganze Réckemark war voll, an och am Kapp waren et der vill", esou seng Mamm. Nach den nämmlechten Owend misst de Gabriel operéiert ginn. Géint dat villt Waasser, dat sech duerch den Tumor am Kapp gesammelt an en héijen Drock ausgeléist huet, misst de Gabriel een Drainage geluecht kréien.

No deem turbulenten Dag misst d'Famill fir d'éischt emol vill Gedold opbréngen. No enger Woch waren d'Resultater vun der Biopsie do: De Gabriel hat ee metastatescht Medulloblastom am Kapp, een aggressiven Tumor, dee virun allem bei klenge Kanner optrëtt. Géint de Kriibs krut de Gabriel zwou Chemotherapien am CHL, déi d’Gréisst vun den Tumore schrumpfe gelooss hunn. D'Therapien, déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, sinn am Gabriel sengem Fall awer net duergaangen. Et war kloer: Hie muss am Ausland behandelt ginn. D'Wiel ass dunn op Paräis gefall.

Liest hei eisen Interview mat der pediatrescher Onkologin Dr. Cathy Scholtes.

"Wann ee kéint tauschen, et géing een et direkt maachen"

An enger Operatioun, déi bal aacht Stonne gedauert huet, krut de Gabriel säin Haapttumor erausgeholl. "Den Dokter sot mir duerno, wann hien de Gabriel virdru plakeg gesinn hätt, hätt hien net operéiert", erënnert sech seng Mamm. De Gabriel huet deen Ament nëmmen ëm déi 10 Kilo gewien – fir säi klenge Kierper war déi laang Operatioun eng schwéier Belaaschtung.

Iwwert déi nächst Méint ass et fir de Gabriel zu Paräis du weidergaange mat enger Protonentherapie an zwou Ronnen Intensivchemo. "Et war alles e Schock fir hien, well hien huet d'Leit net verstanen, si sinn erakomm, si hunn hie gepickt – hien huet näischt méi verstanen", esou d'Sara Lopes iwwert der Famill hir Zäit am Ausland.

"Am Spidol wou mer waren, et war ee Stack, wou nëmme kriibskrank Kanner waren. Du wosst genau, datt all Kand Kriibs hat. Et war kee Kand do, dat eng Gripp hat. Den éischten Dag, wou de Gabriel do erakomm ass mat Hoer, do hunn d'Kanner all gekuckt."Dat schlëmmst war fir d'Sara Lopes, wou dem Gabriel seng Hoer virun der Intensivchemo misste raséiert ginn, well alles misst steril sinn. "Wou hien du keng Hoer méi hat, do hunn ech gesinn – mäi Kand ass krank. Eréischt deen Ament hunn ech dat richteg realiséiert."

D'Bestralung war fir den zwee Joer ale Jong ustrengend. Hien hat méi wéi 30 Seancen a knapps sechs Wochen a misst fir all Sëtzung ageschlof ginn. Mä nach méi schwéier war d'Intensivchemo - dräi Woche misst de klenge Gabriel an der Isolatiounskummer verbréngen.

Säin Immunsystem war duerch d'Behandlung esou schwaach, datt hie mat näischt a Beréierung duerft kommen. Säin Zwillingsbrudder Diego konnt de Gabriel déi Zäit just duerch d'Fënster vum Zëmmer gesinn. Obwuel et u sech net esou virgesi war, duerft letztendlech awer een Elterendeel mam Gabriel am Isolatiounszëmmer schlofen. Dat dunn awer just mat alle Protektiounen un a just an der Fotell. Fir dem Gabriel seng Mamm war et schwéier hire klenge Jong duerch all déi Prozedure goen ze gesinn."Wann ee kéint tauschen, et géing een et direkt maachen."

Eng nei Perspektiv op d'Liewen

Ëm Chrëschtdag 2022 ass et dem Gabriel nach emol méi schlecht gaangen an hie misst eng Rei dréngend Operatiounen iwwert sech ergoe loossen. Mä nom Enn vu senger Protonentherapie am Februar ass den antëscht dräi Joer ale Jong elo stabel. De klenge Gabriel huet déi vill Therapien net just verhältnesméisseg gutt verdroen, mee se hunn och gutt bei him ugeschloen. Den Haapttumor ass komplett verschwonnen. "En huet nach e puer Plazen um Réck. Mer mussen elo kucken, wat d'Zäit eis seet", esou d'Sara Lopes. Sechs Méint oral Chemotherapie huet de Gabriel elo nach viru sech, ier en dann hoffentlech a Remissioun ass.

Nieft der oraler Chemo, déi hien doheem ka maachen, steet fir de Gabriel déi nächst Méint och nach vill Kiné um Programm. Hie muss ënnert anerem nees léieren, richteg ze goen. Mä de Gabriel mécht do elo scho grouss Fortschrëtter: "Déi éischt Nuechte konnt hie guer net opstoen, an elo kann hie sech mat sengem "Krokodil", wéi hien et nennt, awer schonn iwwerall deplacéieren."

Mat sengem "Krokodil" léiert de Gabriel nees trëppelen. / © Sarah Cames / RTL

D'Erfarungen aus dem leschte Joer hunn der Famill hiren Ausbléck op d'Liewen déifgräifend verännert. "Mir hunn am Ufank vill geplangt. Dat ass eppes, wat mer elo net méi maachen. Wa mer Loscht hunn, da gi mer", esou dem Gabriel seng Mamm. "Mir liewen all Dag, wéi wann et de leschte wier. Mir profitéiere vun all Moment mat him. Mir hunn zwar ëmmer d’Hoffnung, datt mer et elo gepackt hunn, mee et ass awer ëmmer eppes do am Hannerkapp."

Eng Saach ass fir dem Gabriel seng Eltere Sara a Lionel awer kloer: Ouni d'Ënnerstëtzung vu Famill, Aarbecht an der Fondatioun Kriibskrank Kanner hätte si et net esou gepackt. D'Fondatioun, déi ganz administrativ Demarchen iwwerholl, zu Paräis eng Wunneng fir d'Famill organiséiert an och psychologesch Ënnerstëtzung ugebueden huet. Grousselteren, Monnien an Tattaen hu mat ugepaakt, fir datt de Gabriel a seng Geschwëster Diego a Lara an där schwéierer Zäit beschtméiglech versuergt waren. "Mir hu wierklech gesinn, wien do ass, a wien net. Dat huet eis vill d'Aen opgemaach."

Elo hofft d'Famill, nom Gabriel senger leschter ronn Chemo endlech eng wuelverdéngte Vakanz mateneen ze verbréngen. "Mir maachen deen Effort elo nach e bëssi an duerno gi mer all an d'Vakanz. Dat brauche mir all", seet d'Sara Lopes.