Eng Aktioun, déi awer an der Haaptsaach duerch den onermiddlechen Asaz vun de sëllege Benevolle lieft, déi sech iwwer verschiddenst Weeër dofir asetzen, datt all Joer Chercheuren an hir Projete kënne finanzéiert ginn, datt nei Therapien a Medikamenter entwéckelt ginn.

Iwwer 27 Milliounen Euro koumen esou zënterhier zesummen, an dat virop duerch den Asaz vun dausende vu Benevollen, dorënner och d'Mara Cruciani. Si heekelt ënnert anerem Poppen, Petzien a Kleeder aus Biowoll. Wéi bei hir 2018 Broschtkriibs fir déi zweete Kéier diagnostizéiert gouf a si op en Neits eng Chimiotherapie huet misse maachen, koum d'Iddi mam Heekelen. Hir Petzie gi verkaf oder kënnen och direkt u betraffe Kanner am Spidol verschenkt ginn. Zënterhier huet si zesumme mat Frëndinne scho grouss Done konnte maachen a si hunn hir Iddi nach weider ausgebaut, ewell verkafe si och Braceleten.

D'Carole Schartz-Thull ass eng weider gutt Séil, déi sech Joer fir Joer fir den Télévie an hirer Fräizäit asetzt, an dat schonn 18 Joer laang.

Zenter puer Joer huet si zesumme mat hirer Cousine Chantal ugefaange, Häerzer ze bitzen, och hir Niess Magaly hëlleft mat. Dat ganzt Joer iwwer verkafe si honnerten där Häerzer uechtert d'Land. Donieft sammelt d'Carole och kleng Cent-Stecker an hirem Pedikürbetrib, déi zielen dann hir Tatta an hir Mamm, an dat Stonne laang. Zejoert koumen esou zum Beispill 500 Euro zesummen, am Ganze konnte si esou 2022 e Scheck vu 6.000 Euro fir den Télévie maachen.  benevoll