Fir d'Wanterfest haten d'Kanner fläisseg mam Léierpersonal Chrëschtdekoratioune gebastelt an am Juli gouf fir d'Summerfest mat den Eltere gebak a gekacht. Den Erléis vun deenen zwee Fester, zesumme mat de Spende vum Léierpersonal, soll deene Leit zegutt kommen, déi net esou flott feieren kënnen. Als Schoul Clausen wier een houfreg dem Télévie en Don vun 2000 Euro konnten z'iwwerreechen.

E grousse Merci geet un d'Kanner, hir Elteren an d'Léierpersonal aus dem Quartier Clausen.