Ludovic Daxhelet fiert 400 Kilometer duerch d'Wallonie

Och dëst Joer erëm fiert de Gewënner vum Pékin Express Ludovic Daxhelet aus der Belsch mat senger Ekipp mat engem Cuistax duerch d'Wallonie, fir esou Spende fir den Télévie ze sammelen.
Déi iwwer 400 Kilometer laang Streck wäerte si an insgesamt néng Deeg zeréckleeën. Den Depart war dëst Joer e Freideg den Owend zu Äischen um Denn am Centre de Promesse Habscht, dëst a Presenz vun der Lëtzebuergescher a Belscher Tëlee.

D'Arrivée ass e Samschdeg am groussen TV-Studio vun der Télévie-Emissioun.

Ludovic Daxhelet fiert 400 Kilometer duerch d'Wallonie

160 Kilometer fir de gudden Zweck

D’Eulalie huet 9 Joer an ass d’leschte Summer mat senger Mamm 160 Kilometer fir de gudden Zweck getrëppelt. D’Iddi koum dem jonke Meedchen aus der Belsch, well et ëmmer am Bësch Zeechen un de Beem gesinn huet an seng Mamm huet him dunn erkläert, datt dat Wanderweeër wieren. D’Loscht ass ëmmer méi grouss ginn an sou sinn déi Zwee de leschte Summer am Reen duerch d’Belsch getrëppelt an hu Sue fir d’Associatioun "Mes mains pour toi" gesammelt. Dës Associatioun ass och zu Lëtzebuerg aktiv a mécht Massage bei Kanner, déi krank sinn. Duerch dës Massagë sollen d’Kanner hiren Alldag vergiessen an een Ament net un hir Krankheeten denken.

D’Massotherapeute vun der Associatioun gi beispillsweis reegelméisseg bei d’Fondatioun Kriibskrank Kanner a bidden do Massagen un.

Well et dem Eulalie sou eng Freed gemaach huet an hatt d’lescht Joer 2.000 Euro konnt sammelen, huet d’Schülerin och dëst Joer nees e Projet fir ëmzesetzen. Enn Abrëll geet et zwou Woche laang a Richtung Südfrankräich, och dëst Kéier ginn op deenen 230 Kilometer Sue fir de gudden Zweck gesammelt.

Mat grad emol néng Joer: 160 Kilometer fir de gudden Zweck

Centre de Promess am Iwwerbléck

Am Virfeld vum groussen Télévie-Dag gi mer eis dann och déi véier Centre de Promesse vun dësem Joer ukucken.

Mäertert-Waasserbëlleg

De Centre de Promesse zu Mäertert -Waasserbëlleg

Habscht

De Centre de Promesse zu Habscht