Dat ass een Dag, wou een ënnert anerem och dat eent oder anert Schicksal vu betraffenen Persoune kenneléiert, déi mat Kriibs diagnostizéiert goufen. Esou och de Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Post Claude Strasser. Den Ament ass hien nach am Traitement wéinst Leukemie, mä hien ass awer um gudde Wee, wéi een esou seet.

Mä wéi huet hie Famill, Krankheet, Aarbecht a seng Responsabilitéit als Post-Direkter ënnert een Hutt krut? Mir kruten e Bléck an d'Liewe vum Claude Strasser. Hien erzielt eis, wéi hie géint seng Krankheet gekämpft huet, wat seng Motivatioun war, a firwat een ni am Liewe soll opginn.

De Claude Strasser ganz privat, ma och a senger Roll als Post-Direkter am Portrait.