Direkt drop ass hien zu Nanzeg hospitaliséiert ginn, wou hie ronn 6 Méint laang an enger steriller Kummer huet misse liewen an traitéiert ginn.

"Hie krut eng éischt Chimio-Therapie. Zu där Zäit war en immens vulnerabel. Mir hunn net dierfte bei him iessen, schlofen oder och hie këssen. Mat nëmmen 2 Joer huet mäi klengen Engel eleng an der Klinik geschlof", erkläert d’ Anne-Sophie Rust, Mamm vum klenge Gautier.

Ugefaangen huet den Albdram vun der Famill Rust-Buisine am Dezember 2021. De Gautier war viru knapp 3 Méint 2 Joer al ginn, wéi seng Eltere plëtzlech eng Knupp u sengem Gumm entdeckt hunn. No verschiddene Consultatiounen an enger Biopsie ass déi schlëmm Diagnose komm – Leukemie.

Een an en halleft Joer war de Gautier an Traitement, Chimio- a Radio-Therapien, Remissioun a Rechutten. Vill schlecht mee awer och gutt Amenter hat dee klenge Kämpfer.

Leider huet hien den haarde Kampf géint de Kriibs am August zejoert verluer. Seng Mamm zielt haut seng Geschicht, fir domat op d'Kriibsfuerschung bei Kanner opmierksam ze maachen.