Datt et dem klenge Louis haut gutt geet an hien nees doheem um Bauerenhaff mat wusele kann, ass alles anescht wéi selbstverständlech. Ugangs Juli 2022 haten d'Dokteren eng Tumeur am deemools 7 Joer jonke Bouf sengem Kapp fonnt.

"Dat rappt engem schonn de Buedem ënnert de Féiss ewech", erënnert sech dem Louis säi Papp Christophe. "Mä dee Moment ass een esou ënner Schock. Do funktionéiert een eigentlech just."

Iwwer eng Period vu 6 Méint war de Louis ëmmer nees hospitaliséiert. Fir d'éischt an der Kannerklinik fir d'Chemotherapie, duerno zu Essen fir d'Protone-Bestralung. "Deemools, wéi et war, war et net esou schéin, well awer nach ëmmer eppes an dengem Kierper war, wou s de guer net gespuert hues", kuckt de klenge Louis op déi Zäit zréck.

Als Mamm huet d'Anne Ernster d'Situatioun aus engem anere Bléckwénkel erlieft. "Et ass natierlech schlëmm a schrecklech, säi Kand esou ze gesinn. Wann een och driwwer nodenkt, déi aner Kanner sinn an der Schoul oder spille Futtball... an hie läit an der Klinik, kritt eng Chemo."

Eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill, och well d'Eltere wéineg doheem bei den zwou Schwëstere vum Louis, dem Anne an dem Aurélie, konnte sinn.

"D'Wonne sinn um Heelen"

Zanter iwwer engem Joer ass d'Tumeur am Louis sengem Kapp fort. Hie fillt sech gutt. De Louis muss warscheinlech säi Liewe laang Medikamenter huelen, fir datt säi Kierper d'Waasser, dat hien drénkt, net nees direkt ausscheet.

Wat och bleift – op d'mannst den Ament mol - si Konzentratiounsproblemer a reegelméisseg Kontrollen am IRM. Dat wär net esou schéin, seet de Louis, dat géif hien ëmmer un déi Zäit erënneren. Trotz Genesung ass et fir d'Anne Ernster awer net einfach ofzeschléissen. Net just well d'Angscht virun enger Rechute bleift. No der ugespaanter akuter Phas kéimen d'Erënnerungen héich "an da verkraaft ee réischt dat Ganzt, wat een do materlieft huet".

"D'Wonne sinn um Heelen, mee et ass eng Geschicht, déi an engem dran ass, et léiert ee vläicht just domadder ëmzegoen", mengt de Christophe Ernster.

De klenge Louis jiddefalls ass nees monter a freet sech, net just um Haff nees Bagger ze fueren, mee och datt hien erëm mat de Kolleege ka Futtball spillen.

Dagdeeglech kréien an Europa 100 Kanner déi ellen Diagnos. Zu Lëtzebuerg bei der Fondatioun kriibskrank Kanner klappen all Joer ëm 30 nei Patienten tëscht 0 a 17 Joer mat hire Famillen un, fir an där schwéierer Zäit begleet ze ginn. Déi schlëmm Krankheet an d'Therapie mat hiren Niewewierkungen ass nämlech net déi eenzeg Belaaschtung fir betraffe Famillen.