De Bloc Opératoire an der Zitha Klinik ass dem Nadine Everling hir Aarbechtsplaz. Déi 53 Joer al Fra ass Cheffin vun den Anästhesisten a schafft schonn zanter 35 Joer am Spidol. All Dag ass si mat kranke Leit konfrontéiert. Bis si virun zwee an engem hallwe Joer selwer Patientin ginn ass – mat Leukemie. "Wann et ee selwer trëfft, ass et ganz anescht", erzielt d'Nadine, "ech hat deelweis Doudesangscht". D'Nadine huet e relativ gesond Liewe gefouert, net gefëmmt, net gedronk, hat vill Beweegung a keng Antécédenten an der Famill. Virun enger Leukemie konnt si dat awer net schützen. Am Oktober 2021 huet si sech d'Diagnos quasi selwer gestallt, wéi si op eemol sougenannt "Petechien" un de Been entdeckt hat, also kleng rout-blo Punkten an der Haut. "Do war mir scho kloer wat dat géif bedeiten", esou d'Nadine Everling. Hire medezinesche Background huet hir wuel dobäi gehollef d'Symptomer direkt ze erkennen, awer net och domat eens ze ginn.

"Ech hunn duerch mengem Bouf seng Stammzellen eng zweet Chance kritt"

"Do geet een alles aneschters wéi rational drun. Do ass een dann och Patient, mat all sengen Empfindungen, mat all deem wat ee spiert."

Eng schwéier Zäit, an där Famill a Frënn eng wichteg Ënnerstëtzung waren, ma besonnesch hir Jonge Frédéric a Maurice. Si hunn hir d'Liewe gerett, seet d'Nadine. De Maurice souguer wuertwiertlech. Hie war et, dee senger Mamm déi iwwerliewenswichteg Stammzelle gespent huet.

Maurice: "Wéi den Telefon komm ass, 'souwuel du wéi och däi Brudder kommt als Spender a Fro', hunn ech mir an enger éischter Phas guer keng Gedanke gemaach iwwer méiglech Niewewierkungen. Fir mech war kloer: du muss op Lëtzebuerg, du muss lo denger Mamm hëllefen. Fäerdeg."

Fir d'Spend sinn direkt dräi Leit a Fro komm: dem Nadine hir Schwëster, an déi zwee Jongen. Wéi e 6er am Lotto, seet d'Nadine: "Ech hunn duerch dem Maurice seng Zellen eng zweet Chance kritt. An dofir wäert ech him mäi ganzt Liewe laang dankbar sinn."

© Nadine Everling

Wéi gëtt en Don gemaach?

Den 18. Juli 2022 huet de Maurice an der Belsch seng Stammzelle gespent. Do virdrun huet hie sech fënnef Deeg laang selwer misse sprëtzen, fir seng Stammzelleproduktioun unzereegen. Staarke Kapp- a Réckwéi waren d'Niewewierkungen. D'Spend selwer ass relativ onspektakulär iwwer d'Bün gelaf.

"Aphérèse" nennt een déi Prozedur, bei där iwwer d'Blutt Stammzellen erausgeholl ginn. A méi wéi 80% vun de Fäll gëtt den Don op dës Manéier gemaach – an net duerch eng "Punktioun" an d'Muerch, wéi dacks gemengt gëtt.

Maurice: "Du hues op där enger Säit eng Sprëtz, du hues op där anerer Säit eng Sprëtz, et ass wéi eng Dialys. Et ass net enorm angeneem, mee et ass op kee Fall insupportabel. Ech kann d'Leit nëmmen encouragéieren, dat do ze maachen, well et ee ganz einfache Wee ass, fir Liewen ze retten."

Ee minimalen Agrëff also, duerch deen d'Nadine sech nees zréck an d'Liewe kämpfe konnt. Schrëtt fir Schrëtt gëtt si ëmmer méi fit.

Nadine: "Ech fäerten heiansdo fir dat ze soen, well ee jo ëmmer fäert, dass erëm eppes géif nokommen. Ech hunn och ganz laang dat Wuert 'gutt' net konnten an de Mond huelen. Lo haut soen ech dann awer: 'et geet mir gutt'."

D'Nadine huet et sech zur Missioun gemaach, ze sensibiliséieren an opzeklären, fir dass sech sou vill Leit wéi méiglech als potentiell Spender androe loossen.

© Nadine Everling

Konditiounen, fir Spender ze sinn:

Fir seng Stammzelle kënnen ze spenden, muss ee verschidde Krittären erfëllen:

  • Tëscht 18 a 40 Joer al sinn (wann ee bis ageschriwwen ass, kann ee bis zum 60. Liewensjoer spenden)
  • Maximal zwou Schwangerschafte gehat hunn
  • Méi wéi 50 kg weien
  • Gesond sinn

Weider Informatioune fënnt een op plooschterprojet.com an dondemoelle.lu.