Am Kader vum Télévie hu mir de Julien Klein, dee bis zejoert ëm dës Zäit Kapitän war, do getraff, wou hien d'Héichpunkter a senger Karriär erlieft huet. Um Fola-Terrain um Gaalgebierg, déi Ekipp mat där hien 3 Mol Lëtzebuerger Meeschter gouf, fir déi hien zanter 14 Joer spillt. Him ass et wichteg, dass seng Krankheet keen Tabuthema ass an hie wëll och anere Courage maachen, d'Hoffnung net ze verléieren.

De 36 Joer ale gebiertege Fransous zielt zu de bekanntsten Escher Spiller. Enn Abrëll 2023 krut hie kuerz virun engem Match staark Otemproblemer. Séier war kloer, datt dës duerch eng Longenentzündung kéimen an eng 9 op 12 cm grouss Tumeur tëscht den zwee Longefligel. Diagnos: Hodgkins Lymphom.

Fir de Verdeedeger a fir seng Ekipp war et natierlech eng ganz speziell Situatioun, wéi de Julien Klein zrécktriede misst, well e Kriibs hat, hire Kapitän säi Bändchen ofginn huet, fir mat senger Chemotherapie unzefänken. D'Ënnerstëtzung vu senger Ekipp war allzäit do, genee sou wéi déi vu Frënn, Famill a Supporter.
Munch Ekippe si villäicht aktuell um Pabeier méi staark, d'Fola spillt op alle Fall a puncto Teamgeescht ganz uewe mat.

© Violetta Caldarelli

Haut geet et dem Julien Klein nees gutt, seng Hoer a säi Baart sinn nees nogewuess an en duerf souguer nees mat trainéieren. Elo hofft hien, geschwënn och gréng Luucht fir Matcher ze kréien. Et ass him donieft och wichteg d'Thema Kriibs ze enttabuiséieren, dofir och seng Decisioun dësen Interview ze ginn, fir den Télévie an all déi Betraffen ze ënnerstëtzen.