Am heefegsten ass de Longekriibs, virum Broschtkriibs an dem Daarmkriibs.

D'Doudesfäll wéinst Kriibs ginn der WHO no vun elo 8,2 op 13 Milliounen erop. Brutal Zuelen, déi den Oncologue Guy Berchem aus dem CHL awer nuancéiert. Weltwäit ginn d'Kriibszuelen an d'Luucht, wat awer net onbedéngt de Fall an den entwéckelte Länner ass. Do ginn d'Zuelen nämlech erof an och d'Mortalitéit hëlt of.

AUDIO: Den Dokter Guy Berchem erkläert

Derbäi kommen an de manner entwéckelte Länner schlecht a besonnesch vill ze deier Behandlungsmethoden, déi sech an deene Länner déi Allermannst leeschte kënnen. Duerfir féiert dem Kriibsdokter no grad an de Schwellen- an Entwécklungslänner kee Wee laanscht Präventiounscampagnen an Opklärung, och wa vill vun den Awunner den Ament nach net wierklech sensibel dofir sinn, seet den Doktor Berchem.

FNRS.be: Dans le cadre de l’opération TELEVIE, le F.R.S.-FNRS ouvrira, dans le courant de cette semaine, l'appel TELEVIE 2014.