Am Kader vun de Generalversammlungen vun deenen zwee Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Tandel konnt de President vum Organisationscomité Télévie Tandel, de Carlo Scheuren eng Rei Schecker entgéint huelen.
Den Organisatiounscomité vum Branebuurger Maart hat dëst Joer op säin Ofschlossiesse verzicht an huet 500 € weiderginn.
Och d‘Chorale Sängerfrënn Wuelessen haten sech spontan entscheed den Télévie mat engem Don vun 500 € ze ënnerstëtzen.
Bei der Fotoausstellung „an den Alpen ënnerwee“ huet de Claude du Fays en Deel vu den Suen aus dem Verkaf vu senge Fotobicher un den Télévie weiderginn an den SI Baastenduerf huet do nach eemol en Don vun 500 € dropgeluecht, sou datt 823 € zesumme koumen.
Den SI Furen hat fir den Télévie en Konter a Mitt Nomëtteg organiséiert a konnt lo 2000 € un de Centre de Promesse Tandel viruginn.
Een immensen Erfolleg hat de Maart deen am Mäerz vum Anita Keilen-Heck zu Wuelessen organiséiert gouf, duerch säin Asaz an dee vun senge ville fräiwëllegen Helfer an Ënnerstëtzer konnt hat lo d’Zomme vun 5769,65 € un CP Télévie Tandel viruginn.