Dat ganzt Joer iwwer hunn nees ganz vill Leit am Land sech mat enger Abberzuel vun Aktiounen engagéiert, fir Fongen ze sammelen. Vum Freideg- bis e Samschdegowend ass déi grouss Ofschloss-Aktioun vum Télévie 2014 gelaf - den Télévie-Dag!
Um Samschdeg konnten d'Leit dee ganzen Dag iwwer an d'Zentere goen, fir sech z'ameséieren an den Télévie ze ënnerstëtzen.
Iwwerall war d'Ambiance ganz gutt an iwwerall si vill Sue gespent ginn. Gezielt goufen all d'Spenden an d'Schecke bei RTL um Kierchbierg.
Fannt all d'Informatiounen an eng Hellewull Fotoen op www.televie.lu.
D'Fuerschung géint de Kriibs brauch d'Hëllef vun eis all a jidderee kennt op d'mannst ee Fall aus sengem noen Ëmfeld: D'Diagnos Kriibs trëfft all Joer hei am Land eng 2.000 Mënschen.
Fir datt hir Chancen op Heelung méi grouss ginn, muss d'Fuerschung um Top sinn, an dofir si vill Suen néideg: Télévie ass d'Stéchwuert vun der Kollekt vu Suen an der Lutte géint de Kriibs.