Eng Foto aus dem Joer 2013. /
Um Programm steet dëst Joer nieft dem klassesche Mastertour vun 307 Kilometer och en Ultraparcous vun 340 Kilometer. Fir all déi, déi léiwer méi eng kuerz Distanz fueren, ginn 3 flott Randonnéeën vu 60, 90 an 120 Kilometer ugebueden. « Mir wëllen déi kriibskrank Patienten aktiv ënnerstëtzen, » dat ass de Motto vun de CHEM-Bikers. Fir all de kriibsbetraffenen Solidaritéit a Matgefill ze weisen ginn si bis un hier psychesch a physesch Grenzen. Et ass nämlech genee wéi bei der Krankheet: Esou eng Epreuve ass just mat staarker Ënnerstëtzung ze packen. 100 Leit hunn sech fir d’Mastertier ageschriwwen wou d’Inscriptioune den 30. Juni clôturéiert goufen.
Jiddereen dee well en Zeeche vu Solidaritéit setzen ass iwwerdeems häerzlech agelueden op de Randonnéeën vun 120, 90 a 60 Kilometer mat ze fueren. Dës Departen si moies vun 8.00 bis 11 Auer zu Kayl am Haff vun der Schoul Faubourg. Natierlech kënnt all Participatioun, déi fräiwëlleg ass, der Recherche géint de Kriibs zegutt. Och wie net sou gär op de Vëlo klëmmt ass op der Plaz häerzlech wëllkomm. Ab Mëttes 17 Auer gi flott Animatiounen gebueden :
- 17.00 Capoeira
- 19.00 Concert vun der Band « Angels Of Hell »
- 20.00 Feierlech Arrivée vum CHEM-Bikers Mastertour
- 20.30 Remise vum Chèque vum läschte Joer mat enger Iwwerraschung
- 21.15 Paëlla Mat Concert
- 22.00 Live Footballiwwerdroung vun der WM um groussen Ecran
De CHEM an de CHL soen all de Sponsore Merci fir d’Ënnerstëtzung !