Éischt Schecken fir Télévie an der Ärenzdallgemeng iwwerreecht
Den Adventsmaart am Dezember 2014 vun der Fanfare de Medernach an der Ärenzdallschoul war d'Geleeënheet fir den Startschoss ze ginn, fir den "centre de promesses Télévie Ärenzdallgemeng 2015".
D’Ärenzdallgemeng (Miedernach, Iermsdref, Eppelduerf, Stegen) huet 2015 d’Éier ee vun de 4 Centres de promesses am Land däerfen ze sinn an domat och d’Chance aktiv un der Lutte géint de Kriibs ze hëllefen.
De 25. Abrëll 2015, dem groussen Dag vum Télévie, ginn dann all d’Suen déi d’Joer iwwer gesammelt a gespent goufen un Télévie iwwerreecht.
A Präsenz vun Carol Bragança, Coordinatrice Télévie vun RTL an Mme Marie-Rose SCHAEFFER-SUTOR, Presidentin vun Kiwanis Lëtzebuerg ass den offizielle Startschoss gi vum Buergermeeschter André Kirschten an den President vum Organisatiounscomité Pit Friederes.
Et waren schonns 3 Schecken mat Done fir ze iwwerreechen:
- 1100 Euro vun der asbl "Eng Uergel fir Miedernach" vun der Quête bei hirem Uergelconcert zu Miedernach am September 2014
- 1800 Euro vum Par Rot vum Erléis vum Verkaf vun Adventskranz
- 1000 Euro vun der Famill Thinnes vun Eppelduerf, den Erléis vum Verkaf vun Kürbissen.
Den eifrege Leit en décken Merci fir hiren Asaz!