Goodyear Innovation Center hat dëst Joer hir Chrëschtfeier a Form vun engem Chrëschtmaart ofgehalen.
Ronn eng 12 Stänn waren opgeriicht ginn, wou niewent Gedrénks (ouni Alkohol) an Iessen och den Télévie e Verkaafsstand hat, mat Informatiounen an enger grousser Tombola gesponsert vun der Goodyear.
Niewent I-pad an Entreeë fir Course konnt een e Set Pneue gewannen.
“Associates Engagement Team” huet sech souwuel ëm den Télévie wéi och ëm Tombola bekëmmert an den Erléis ass integral un de Centre de Promesses Parc Housen/Pëtschent gaang.
Ze bemierken nach, dass si en 1. Optrëtt vun der extra gegrënnter Goodyear Band haten (Si haten 6x en Optrëtt um Maart) an dass natierlech, deen däerf bei enger amerikanescher Firma net feelen, de Santa Claus och do war.
Dofir e ganz groussen Merci un „Associates Engagement Team“