An hei e besonnesche Chèque: D'Madame Nicole Van Laar huet fir hire Gebuertsdag op Kaddoe verzicht a wollt amplaz en Don fir den Télévie.

Dobäi ass déi immens Zomm vun 2.005,04€ zesummekomm. Eng kleng Maischen huet esouguer extra säi Spuerschwäin geschluecht, fir och en Don kennen ze maachen.

Weider koumen nach e Chèque vun der Vereenegung van Boukelser am Wäert vun 190 Euro vun hirem Buergbrennen.

D'Houser Musik huet dem Télévie 665 Euro gespennt, déi si um Chrëschtconcert ageholl hunn.

A vum Duerffest vun de Sänngerfrënn Wuelessen koumen 1.000 Euro eran, déi un den Télévie ginn.

Hinnen alleguer e grousse Merci