Et goung drëms fir sech zesumme géint de Kriibs a fir d'Kriibsfuerschung z'engagéieren.

All Joer kréien hei am Land méi wéi 2.000 Erwuessener a Kanner eng Kriibs-Diagnos. Eng Persoun vu 4 stierft u Kriibs. Jidderee ka betraff sinn.

Zesummen den Télévie z'ënnerstëtzen, dat konnt een e Samschdeg an engem vu 5 Zentren am ganze Land: zu Walfer, Kielen, Rammerich, Beetebuerg a Rodange gouf sech speziell de ganzen Dag iwwer mobiliséiert.

Um Freideg den Owend war de Startschoss fir dee groussen Télévie-Dag a vun deem Ament un, ass de Compteur gelaf an och geklommen - fir um Enn, um spéide Samschdegowend bei där spektakulärer Zomm vun 1.674.429 Euro stoenzebleiwen.

Am Numm vun all de Concernéierte seet RTL en häerzleche Merci. E ganz grousse Merci all deenen Aktiven, déi sech d'Joer iwwer fir d'Aktioun asetzen, an och deene Leit, déi den Télévie an hirem Testament vermierkt hunn an domadder och no hirem Doud nach Mënsche gehollef hunn.

Zur Erënnerung: D'Lescht Joer war de Compteur bei der phänomenaler Zomm vun 1.620.455 Euro stoe bliwwen.

Fotoen a Videoen: Loosst den Télévie 2018 nach eng Kéier Revue passéieren

VIDEO: Télévie

Um Samschdeg konnten d'Leit dee ganzen Dag iwwer an déi eenzel Centres de promesses goen, fir sech do z'ameséieren an den Télévie z'ënnerstëtzen.

Dëst Joer waren d'Centres de promesses, aus deene mer och vill flott Fotoandréck erageschéckt kruten, hei:

- Beetebuerg
- Kielen
- Rammerich
- Walfer

- plus de Centre de promesses permanent Rodange (zanter 2002 derbäi)

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 1)

- an natierlech um Kierchbierg am (neien) Siège vun RTL:
1) Fotoe vu freides owes
2) Fotoe vu samschdes moies a mëttes an owes bis 19 Auer
3) Fotoe vu samschdes owes vun 19 bis 24 Auer
4) Och de Scho war do

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 2)

Baussent de Centre de promesses waren zanter dem leschten Télévie 2017 wéi gewinnt nees eng sëlleche Manifestatiounen, déi organiséiert gi si vu Veräiner a Privatleit – wéi Fester, Gëllen Hochzäiten, Gebuertsdeeg, privat Partyen ... Der Kreativitéit war hei keng Grenz gesat!

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 3)

Ma och Betriber hu sech engagéiert, zum Beispill duerch de Verzicht op Kaddoen um Enn vum Joer zu Gonschte vum Télévie oder datt sportlech Leeschtunge vu Mataarbechter un en Don gekoppelt waren oder duerch de Verkaf vu Gadgeten.

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 4)

Fuerschung = Hoffnung

D'Fuerschung géint de Kriibs brauch d'Hëllef vun eis all a jidderee kennt op d'mannst ee Fall aus sengem noen Ëmfeld: D'Diagnos Kriibs trëfft all Joer hei am Land eng 2.000 Mënschen.

Fir datt hir Chancen op Heelung méi grouss ginn, muss d'Fuerschung um Top sinn, an dofir si vill Suen néideg: Télévie ass d'Stéchwuert vun der Kollekt vu Suen an der Lutte géint de Kriibs.

Alles an allem sinn duerch den Télévie, deen zanter 2002 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bis elo an deene 16 Editiounen bal 18 Milliounen Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 5)

Zur Erënnerung:

2018: 1.674.429 Euro
2017: 1.620.455 Euro
2016: 1.567.596 Euro
2015: 1.550.847 Euro
2014: 1.389.098 Euro
2013: 1.153.928 Euro

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 6)

Eng kleng Hannergrond-Info (op Franséisch)

Le Télévie est une opération caritative organisée en Belgique francophone et au Grand-Duché de Luxembourg par RTL-TVI depuis 1989 au profit du F.R.S.-FNRS. Elle permet de récolter des fonds pour aider la recherche scientifique dans sa lutte contre le cancer et la leucémie, chez l'enfant et chez l'adulte. Elle s'achève par une soirée de clôture télévisée.

La somme récoltée est chaque année versée au F.R.S.-FNRS, qui organise l'évaluation des projets scientifiques soumis au Télévie : les projets sélectionnés reçoivent l'intégralité de l'argent récolté, les frais liés à l'évaluation étant pris en charge par le budget propre du F.R.S.-FNRS.

Depuis 2002, RTL Télé Lëtzebuerg au Grand-Duché de Luxembourg participe également au côté de la chaîne belge et organise aussi une grande soirée de clôture en simultané avec celle de RTL-TVI.

VIDEO: Déi grouss Télévie-Emissioun (Deel 7)