Beim Télévie geet et drëms, fir sech zesumme géint de Kriibs a fir d'Kriibsfuerschung z'engagéieren. Nach bleift vill ze maachen, well fir munch Kriibszorte gëtt et nach ëmmer keng Medikamenter, déi wierklech eng Heelung erméiglechen. Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun ass et dëst Joer eng aussergewéinlech 19. Editioun vum Télévie.

D'Populatioun, d'Benevollen, d'Associatiounen, d'Firmen an déi fënnef Centres de promesses (Ëlwen, Iechternach, Stroossen, Suessem an de Centre de promesses permanent Rodange) hu sech fir de gudden Zweck mobiliséiert. Wéi si sech all organiséiert hunn a wat si ënnerholl hunn, gëtt een dëse Weekend op RTL gewuer.

Groussen Télévie-Dag 2020

Programm vum Télévie 2020

De Startschoss vum groussen Télévie-Dag war schonns e Freideg den Owend um 19 Auer a Präsens vum Nathalie Frisch (Fondatioun Kiwanis) an dem Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie) am Live! Planet People. Vun deem Ament u leeft den Télévie-Compteur.

E Samschdeg geet et schonns um 7.15 Auer um Radio lass. All Stonn wäerte perséinlech Messagen an och Reportagen iwwert Aktiounen, déi Leit a Firmen ënnerholl hunn, fir den Télévie ze ënnerstëtzen, op Antenn sinn. D'Telefonsleitunge (8002 66 66) fir d'Spende sinn och vu 7.15 bis 22.30 Auer op. D'ganzt Joer iwwer kënnt Dir och iwwert den Télévie-Site spenden.

Um 19 Auer ass de Spendemarathon dann op der Tëlee gestart. Presentéiert gouf déi grouss Ofschloss-Emissioun vum Caroline Mart an Olivier Catani. Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun waren d'Invitéeën am Studio limitéiert. Just dräi Doktere waren niewent dem Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie) an dem Nathalie Frisch vun der Fondatioun Kiwanis am Tëlee-Studio present. Deemno goufen och all d'Reportagen am Virfeld an am Respekt vun de sanitäre Mesuren opgeholl. Just déi eenzel Zentre goufe live an d'Emissioun erageschalt, wou si iwwert hir speziell Aktioune temoignéiert hunn.

Groussen Télévie-Dag 2020

E grousse Merci

Am Numm vun all de Concernéierte seet RTL en häerzleche Merci.

E ganz grousse Merci all deenen Aktiven, déi sech d'Joer iwwer fir d'Aktioun asetzen, an och deene Leit, déi den Télévie an hirem Testament vermierkt hunn an domadder och no hirem Doud nach Mënsche gehollef hunn.

Télévie, gitt der Hoffnung eng Chance

2019 gouf duerch Är Generositéit d'Rekord-Zomm vun 2.005.842 Euro gesammelt, fir d'Kriibsfuerschung ze ënnerstëtzen. Dofir soe mir Iech villmools Merci! D'Zil vum Télévie ass a war et ni, all Joers de Rekord ze briechen, mä esou vill wéi méiglech Leit op dës grausam Krankheet opmierksam ze maachen.

Zemools an dëse schwéieren Zäiten, wou d'Gesondheet un éischter Stell steet, ass et wichteg, un all déi Leit ze denken, déi krank sinn. Dofir gitt der Hoffnung eng Chance an hëlleft mat, d'Kriibsfuerschung weiderzebréngen.

Wat gouf an der Vergaangenheet gesammelt?

Alles an allem sinn duerch den Télévie, deen zanter 2002 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bis elo an deenen 18 Editiounen zu Lëtzebuerg iwwer 23 Milliounen Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

2019: 2.005.842 Euro
2018: 1.674.429 Euro
2017: 1.620.455 Euro
2016: 1.567.596 Euro
2015: 1.550.847 Euro
2014: 1.389.098 Euro
2013: 1.153.928 Euro
....

Eng kleng Hannergrond-Info (op Franséisch)

Le Télévie est une opération caritative organisée en Belgique francophone et au Grand-Duché de Luxembourg par RTL-TVI depuis 1989 au profit du F.R.S.-FNRS. Elle permet de récolter des fonds pour aider la recherche scientifique dans sa lutte contre le cancer et la leucémie, chez l'enfant et chez l'adulte. Elle s'achève par une soirée de clôture télévisée.

La somme récoltée est chaque année versée au F.R.S.-FNRS, qui organise l'évaluation des projets scientifiques soumis au Télévie : les projets sélectionnés reçoivent l'intégralité de l'argent récolté, les frais liés à l'évaluation étant pris en charge par le budget propre du F.R.S.-FNRS.

Depuis 2002, RTL Télé Lëtzebuerg au Grand-Duché de Luxembourg participe également au côté de la chaîne belge et organise aussi une grande soirée de clôture en simultané avec celle de RTL-TVI.