De Rendezvous fir d’Jubiläum-Editioun steet fest: de 24. Abrëll 2021 ass de groussen Télévie-Dag.

Dëse groussen Ofschloss-Owend ass nees den Ulass fir e Bilan vun de Spenden ze maachen an de Benevollen, Entreprisen an der Populatioun Merci ze soe fir hiren Asaz. Well just zesumme si mer staark genuch, fir der Hoffnung eng Chance ze ginn an d’Kriibsfuerschung mat generéisen Donen ze ënnerstëtzen.

Gitt och Dir der Hoffnung eng Chance an ënnerstëtzt den Télévie.