Duerch déi aktuell sanitär Situatioun gouf dëst Joer fir d'éischte Kéier eng Télévie-Woch organiséiert, sou dass de Programm op e puer Deeg verdeelt konnt ginn. D'ganzt Joer iwwer hu privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firme sech fir den Télévie agesat, Done gesammelt a sech domadder fir d'Lutte géint de Kriibs staark gemaach. Bedéngt duerch d'Pandemie goufen och dëst, wéi d'lescht Joer keng Evenementer organiséiert, an et sinn aner Weeër fonnt ginn, fir Solidaritéit a Matgefill mat Betraffener ze fannen.

Um Samschdeg war dann dee groussen Ofschloss vum Spendemarathon. Moies fréi gouf de Compteur um Radio lancéiert, wou jiddereen nach weider spende konnt. Telefonslinne ware vu 7 Auer un op an de ganzen Dag iwwer waren och nees eng Rei Live-Schaltungen a Reportagen an Temoignagen um Radio. Owes an der Live-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg goufen um Compteur final all Donen, déi wärend deem ganze Joer gesammelt goufen, annoncéiert an et koumen 1.242.004 Euro zesummen.

Wéi all Joer gëtt de ganzen Erléis un d'Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg gespent. Mir soe Merci fir d'Ënnerstëtzung.

Télévie 2021: Déi ganz Emissioun am Replay

Zesumme géint de Kriibs - Mäin Don zielt 

Kuckt alleguerten d'Reportage vun dëser Woch iwwert den Télévie am Replay op RTLPlay.

Fannt all d'Fotogalerien an all d'Informatiounen op televie.rtl.lu