AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Ween kann hei zu Lëtzebuerg ierwen?

Fir datt een zu Lëtzebuerg kann ierwen muss een existéieren. Dat maach banal klengen, an et gesäit een am Beschten wat den Legislateur domat mengt wann een d'Beispiller kuckt wien net kann ierwen:

- En Kand wat nach net gezeugt ass kann net ierwen, genausou wéineg wéi e Kand wat net liewensfäeg op d'Welt kennt. Et kann een also zum Beispill net an engem Testament festhalen datt ee gär hätt datt zukünfteg Enkelkanner sollen ierwen.

Des weideren muss deen dee soll ierwen och kloer identifizéiert sinn, am beschten mam Numm, Virnumm an enger Adress. Wann een d'Persounen di sollen eppes kréien net kann identifizéieren dann kréien se och näischt. Et kann een also zum Beispill net soen: meng Noperen sollen ierwen, oder meng Aarbechtskollegen, oder meng Frënn, dat ass net präzis genuch.

Eng Associatioun déi keng "personnalité juridique propre" huet, wéi zum Beispill eng "Association momentanée" oder eng "Société momentanée" kann also och net ierwen.

Et muss een och wëssen datt Dokteren, Apdikter a Fleegepersonal déi sech em di verstuerwen Persoun gekëmmert hunn am Kader vun där Krankheet wou se drun stierft och net kennen ierwen, genausou wéineg wéi den Paschtouer oder aneren geeschtleche Begleeder deen sech em d'Persoun gekëmmert huet.

Kann dann zum Beispill den Télévie ierwen?

Den Télévie ass e gutt Beispill fir ze weisen wourop ee muss oppassen wann een eppes well verierwen. Den Télévie als solchen ass eng Marque an huet keng juristesch Perséinlechkeet. Hei zu Lëtzebuerg ass et d’Fondatioun Kiwanis déi sech em d’Kollekt an d’weiderreechen vun de Suen fir den Télévie këmmert. Wann also een dem Télévie well eppes verierwen, dann ass de richtege Wee fir per Testament festzehalen datt d’Fondatioun Kiwanis di Suen soll kréien an dann präziséieren datt déi Suen mussen un den Télévie, also d’Fuerschung géint de Kriibs goen.

Et ass awer och esou datt an der Praxis ëmmer probéiert gëtt dofir ze suergen datt de Wëllen vum Verstuerwenen respektéiert gëtt. Wann also een just a säin Testament géif schreiwen datt en wéilt datt den Télévie d’Suen soll kréien, da kommen déi Suen och op der richteger Plaz un, et ass dann just méi opwenneg fir déi déi sech mussen drëm këmmeren fir et an d’Praxis ëmzesetzen, an et dauert dann alles e bëssen mi laang.

Dat heescht et gëtt kee Risiko datt dat géif zu Verwiesslunge féieren?

Am Fall vum Télévie ass de Risiko vun enger Verwiesslung quasi inexistent. Mä jee nodeem wéi engem gudden Zweck een et wéilt verierwen, kéinten et emol Diskussioune ginn wann et méi ewéi eng Organisatioun gëtt déi sech dofir asetzt. Zum Beispill wann ee géif am Testament schreiwen datt een wéilt datt d’Ierfschaft soll u kriibskrank Kanner goen: et gëtt e puer Fondatiounen/Asbl’en déi an deem Beräich täteg sinn, do wéisst een also dann net onbedéngt fir ween et genau ass, an da ginn d’Diskussiounen un.

Wéi kann een dann sécher sinn datt d’Beschreiwung kloer genuch ass?

Et ass unzeroden sech vun engem Professionellen beroden ze loossen, éier een en Testament mécht. Dat kann en Affekot oder en Notaire sinn.

AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Am 2. Deel vun dëser Rubrik wäerte mer di verschidde Forme vun Testamenter virstellen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu