De  Lëtzebuerger Code civil gesäit d’Méiglechkeet vir (Artikel  340  et  suiv.  CC), fir viru Geriicht ze goe fir eng sougenannten «Action en  recherche  de paternité» ze maachen, also fir ze «sichen» ob een de Papp ass.

1. Wéini kann een dann esou eng Aktioun maachen?
Wann d’Elteren net bestuet sinn, kann d’Eltereschaft per Geriicht deklaréiert ginn, wann et bewisen ass, datt deejéinegen, deen anscheinend de Papp ass sexuell Relatioune mat der Mamm vum Kand hat, wärend der Period wou d'Zeugung stattfonnt huet, oder wann en zouginn huet de Papp ze sinn, ausdrécklech oder indirekt, zum Beispill wann e sech ëm den Ënnerhalt an d’Educatioun wéi e Papp këmmert.

2. Wie kann déi Aktioun maachen ?
Déi Aktioun kann nëmme vum Kand gemaach ginn.

3. An wann d’Kand mannerjäreg ass?
Dann huet d’Mamm vum Kand eleng d’Recht fir déi Aktioun ze maachen, souguer wa si selwer nach mannerjäreg ass. Wann en Tuteur genannt ass fir d’Kand, da leet deen d’Prozedur an.

4. Géint wie gëtt déi Aktioun gemaach?
Déi Aktioun dirigéiert sech géint deen, deen dann anscheinend de Papp ass oder seng Ierwen.

5. Gin et Delaie innerhalb vun deenen déi Aktioun muss gemaach ginn?
Am Prinzip muss d’Aktioun innerhalb vun den 2 éischte Joren no der Gebuert vum Kand gemaach ginn. Oder wann d’Kand bis volljäreg ass, innerhalb vun den 2 Joer ab sengem 18. Gebuertsdag. Wann et awer materiell oder moralesch onméiglech war fir d’Aktioun innerhalb vun

deenen Delaie ze maachen, kann een d’Geriicht fir en “relevé de déchéance” froen, also fir d’Aktioun trotzdeem nach dierfen ze maachen.

6. Wéi beweist een, datt eng Persoun wierklech de Papp ass?

Meeschtens gëtt de Beweis datt, een de Papp ass, oder eben och net, duerch  eng Expertise d’empreinte génétique, also e Gentest, deen vum Geriicht ordonéiert gëtt, bruecht. D’Fraise vun der Expertise  mussen vun där Partei virgestreckt  ginn, déi d’Prozedur ageleet huet. Falls dann zum Beispill sollt festgestallt ginn, datt déi Persoun, géint déi d’Prozedur gemaach ginn ass, effektiv de Papp ass, gëtt deen normalerweis dozou verurteelt déi Käschten ze droen.

7. Gëtt et och eng Action en Recherche de Maternité naturelle, also fir d’Mamm ze fannen?

Jo, déi gëtt et, mä et gesäit ee se ganz rar an der Praxis. Dat ass de  Fall wann am Acte de naissance, also an der Gebuerturkunde den Numm vun der Mamm net agedroen ass.

8. Wéi weess een dann op d’Lëtzebuerger Gesetz applizéiert muss ginn?

D’Verwandschaft/Eltereschaft gehéiert zu deenen Elementer, déi zum sougenannte Statut Personnel gehéieren, dem perséinlechen Status an do applizéiert een d’Gesetz vun deem Land, wou déi betraffe Persoun d’Nationalitéit huet.

9. A virun wéi e Geriicht musse ee goen?

Et muss een eng Assignatioun virun d’Bezierksgeriicht vum Wunnsëtz vun deem géint deen d’Aktioun sech dréit, maachen. Also zum Beispill de Wunnsëtz vun dem Mann, vun deem ee wëllt, datt festgestallt gëtt, datt en de Papp ass.

10. Wann dann festgestallt ginn ass, datt déi Persoun de Papp/d’Mamm ass, wéi gëtt dat dann offizialiséiert?

Um Regëster vum Etat civil gëtt eng  Remark an de Rand vum Gebuertsakt vum Kand gemaach wou d’Feststellung vum Urteel aktéiert gëtt.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu