Zu der Filiation naturelle gëtt et nach sou Munches ze soen an dofir geet et haut mat där Thematik weider. D'Marie Gales huet nogefrot.

Wann en Zweiwel besteet, datt eng Persoun, déi e Kand unerkannt huet wierklech zum Beispill de Papp vum Kand ass, da kann een déi Reconnaissance annuléieren loossen.

1. Wee kann sou eng Annulatioun froen?

Jiddereen, deen en Interêt huet kann d’Annulatioun froen. Y compris de Ministère public, wann et Indizien gëtt, déi aus dem jeeweilegen Akt ervirginn, datt d’Verwandschaft onwarscheinlech ass.

2. Wéi vill Zäit huet ee fir esou eng Aktioun ze maachen?

Fir d’betraffend Kand spillt keng Prescriptioun: et huet also ëmmer nach d’Méiglechkeet fir d’Reconnaissance a Fro ze stellen.

Déi, déi der Meenung sinn, datt si d’Eltere vum Kand sinn, ënnerstinn och kenger Prescriptioun ausser wann dat betraffent Kand eng Possession d’état vu méi wéi 10 Joer huet.

Drëttpersounen, déi en Interêt hunn, mussen innerhalb vun 2 Joer ab deem Moment wou den Acte de naissance gemaach gouf oder d’Kand unerkannt gouf oder vun deem Moment wou d’Kand ugefaangen, deen Status huet d’Aktioun maachen. D’Geriicht kann awer decidéieren, datt d’Aktioun och dono nach zoulässeg ass, wann et eng materiell oder moralesch Ursaach gëtt woufir et net méiglech war éischter ze handelen.

Do ass et um Geriicht fir ze appreciéieren ob déi Ursaach seriö genuch war fir net kennen ze handelen.

3. Wat heescht dat en Interêt hunn ?

Wann een dovunner schwätzt datt eng Drëttpersoun en Interêt muss hunn, da kann dat souwuel e moralesche wéi e materiellen Interêt sinn.

Dat heescht et kann zum Beispill sinn, datt Kanner do sinn, déi en vue vun enger zukünfteger Ierfschaft e finanziellen Interêt hunn.

Oder wann ee mengt, datt eng Persoun sech eraleeë gelooss, well et eng Rei Indizie ginn, déi dorobber hiweisen, datt et net méiglech ass, datt déi Persoun zum Beispill de Papp ass, deen awer well dru gleewen, da kënnen d’Kanner aus moralesche Grënn, zum Beispill well se net wëllen, datt dat ëffentlech esou stoen bleift, och wann et net ëm Suen geet.

4. Wéi e Gesetz ass applicabel betreffend déi Aktioun ?

D’Gesetz, dat muss applizéiert gi fir d’Aktioun en contestation vun enger Filiation naturelle, gëtt vum Gesetz vun der Nationalitéit vum Kand regéiert, déi et huet den Dag wou d’Demande ageleet ginn ass oder déi et wärend der Instanz kritt huet.

5. A géint wien muss een déi Prozedur aleeden?

D’Prozedur muss géint d’Kand an géint déi Persoun ageleet ginn, déi d’Unerkennung gemaach huet.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu