Wat een do alles sollt wëssen, huet d'Marie Gales d'Affekotin Nathalie Frisch gefrot.

1. Wéi entsteet eng Filiation naturelle ?

D’Filiation naturelle kann duerch eng Eltereschaft baussent engem Mariage entstoen, entweder well d’Kand fräiwëlleg unerkannt gëtt, also en eesäitegen Akt, oder et gëtt iwwert Geriicht festgehalen, oder iwwert eng Aktioun en recherche de paternité ou maternité, also Vater- oder Mutterschaftstest.

Eng Filiation naturelle kann awer och doduerch entstoen, datt en Urteel existéiert no enger Action en désaveu oder enger Ufechtung vun enger Filiation légitime.

2. Ginn déi Kanner vum Gesetz anescht behandelt wéi d’Kanner déi “légitimes” sinn?

Nee, fréier sinn et Ënnerscheeder ginn, mä haut ass per Gesetz festgehalen, datt se déi selwecht Rechter a Flichten hunn.

3. Wéi kann en Enfant naturel unerkannt ginn wann et net am Acte de naissance festgehale ginn ass ?

An deem Fall gesäit d’Gesetz vir, datt et muss per “Acte authentique” geschéien. Am Prinzip ass dat en Acte virum Notaire, oder en Acte d’état civil séparé, mä gëtt och als solchen akzeptéiert wann zum Beispill eng Unerkennung viru Geriicht gemaach gëtt : en “aveu judiciaire », d’Affirmatioun viru Geriicht, zum Beispill am Kader vun enger Comparution personnelle, wou ee perséinlech viru Geriicht optrëtt, datt eng gewësse Persoun engem säi Kand ass.
Eng Unerkennung kann een och scho vun engem Kand maache wat gezeugt, an awer nach net gebuer ass.
An souguer nom Dout vun engem Kand, wann Nokommen do sinn, déi vun der Unerkennung profitéieren.

4. Wéi ass et mat der Unerkennung via Possession d’état ?

D’Possession d’état ass jo de fait fir e Kand wéi säin eegent ze behandelen, opzezéien, sech ze këmmeren an d’Ëmfeld an d’Autoritéite gesinn d’Kand als d’Kand vun där Persoun.
Am Fall vum enfant naturell, kann een d’Filiatioun naturelle par rapport zu der Mamm iwwert d’Possession d’état brengen.  Déi Méiglechkeet besteet awer net fir de Papp, dee muss d’Kand also entweder unerkennen op Basis vun engem Urteel no enger Action en recherche de paternité.

5. A wann een en Zweiwel huet, datt déi Persoun déi d’Reconnaissance mécht wierklech den «Elterendeel» ass ?

Den Standesbeamte muss eng Reconnaissance androen, och wann en Zweiwel huet. Et kann een awer eng Reconnaissance annuléieren loossen: all Interesséierte kann esou eng Annulatioun froen, och de Ministère public. Mir kommen nach dorop zréck.

Wann schonn eng aner Filiatioun um Moment vun der Reconnaissance existéiert, dann huet d’Reconnaissance keen Effet: et kënnt also net vir, datt zum Beispill e Kand scho vun engem Papp unerkannt ginn ass an dann nach e Papp duerch esou eng Reconnaissance dobäi kënnt : dofir misst een da fir d’éischt déi 1. Filiatioun annuléieren loossen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu