D'Marie Gales huet mat der Affekotin Nathalie Frisch geschwat.

Et gëtt ënnerscheet tëscht der filiation légitime, e Kand wat am Kader vun engem Bestietnes gezeugt ginn ass, an der filiation naturelle, e Kand deem seng Elteren net bestuet sinn.

1. Wéi ass et wann e Kand gebuer gëtt deem seng Elteren bestuet sinn?

D’Gesetz gesäit an deem Fall vir, datt mer eng Presemptioun vun enger “Vaterschaft” hunn an zwar am Fall wou e Kand gezeugt gëtt an där Zäit wou eng Koppel bestuet gëtt: et geet een an deem Fall automatesch dovun aus, datt de Mann vun der Koppel de Papp ass.

2. A wann dee Mann sech sécher ass datt en net de Papp ass?

Déi Presemptioun ass wat een nennt eng “présemption simple”: et steet dem Mann d’Méiglechkeet op fir eng “Action en désaveu” viru Geriicht ze maachen, wou en dann Fakten virbrénge muss, déi beweisen, datt en net kann de Papp sinn. Déi Aktioun muss bannent 6 Méint ugefaange ginn, entweder 6 Méint ab der Gebuert wann de Mann present ass, oder 6 Méint ab sengem Retour, oder 6 Méint ab deem Moment wou en vun der Gebuert gewuer ginn ass.

3.  Wéi ass et wann ee getrennt ass an eng Demande fir eng Scheedung oder eng Séparation de corps agereecht huet?

An deem Fall ass d’Presemptioun net méi applikabel wann d’Kand méi wéi 300 Deeg no där Ufro op d’Welt kënnt, oder no manner wéi 180 Deeg nodeems d’Ufro ofgewise ginn ass oder eng Versönung stattfonnt huet.

Déi Presemptioun ass och net méi applikabel wann d’Kand méi wéi 300 Deeg nom Opléisen vum Bestietnes op d’Welt kennt, an och net wann de Mann verschwonnen ass, eng Absence déclarée viru Geriicht gemaach ginn ass an d’Verschwanne méi wéi 300 Deeg virun der Gebuert war.

4. A wat ass wann um Gebuerteregëster nëmmen d’Mamm agedroen ass?

An deem Fall spillt d’Presemptioun net wa gläichzäiteg och keng, wat een nennt “possession d’état” do ass, wat heescht, datt de Kontext gekuckt gëtt: et gëtt gekuckt wéi een Numm d’Kand dréit, ob et och vum Mann, obwuel en net am Regëster steet, wéi säi Kand behandelt gëtt, an ëmgedréint, ob d’Kand vun him erzunn a versuergt gëtt, ënner anerem finanziell ënnerstëtzt gëtt, ob d’Famill an d’Ëmfeld dovunner ausgeet, datt et säi Kand ass, ob d’Autoritéiten als säi Kand consideréieren, etc. Déi Lëscht ass net limitative, dat heescht et kuckt een am Ganzen op d’Behuelen vun den Parteien esou war wéi een sech dat vun Elteren erwaart.

5. A wat kann een dogéint ënnerhuelen wann déi Presemptioun an dësem Fall ecartéiert gëtt?

Wann ee ka justifiéieren, datt zu deem Moment wou d’Période légale de conception war, also wou d’Kand gezeugt ginn ass, d’Koppel de facto zesummen war, an datt et warscheinlech ass, datt de Mann de Papp ass, da kann jidderee vun der Koppel froen, datt d’Presemptioun erëm hiergestallt gëtt.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu