Wéi kann een seng Filiation légitime beweisen?

Et beweist ee seng Filiatioun duerch d’Virleeë vum Acte de naissance, vum Gebuertsakt, deen am Regëster vum Etat civil agedroen ass.

Wann deen net existéiert, da geet d’Possession d’enfant légitime duer, also, wéi d’leschte Kéier erkläert, gëtt de Gesamtkontext gekuckt: ob d’Kand wéi en eegent Kand behandelt gouf, sech als d’Kand vun där oder deenen Persoune consideréiert, déi sech als Elteren duerstellen an ob d’Ëmfeld dat och esou gesäit.

Mä wéi ass et da wann d’Eltere sech bestueden nodeems d’Kand op d’Welt komm ass?

Do muss een den Ënnerscheed maache ob d’Kand vun deenen zwee unerkannt ass um Dag vun der Hochzäit oder net:

- Wann d’Kand vun deenen zwee Elterendeeler unerkannt ass, dann gi se automatesch duerch d’Hochzäit vun hiren Elteren als enfants légitimes consideréiert.

- Wann d’Kand nach net unerkannt war, da kann een den Dag vun der Hochzäit virum Standesbeamten d’Unerkennung maachen, an dann gëtt déi Unerkennung an d’Legitiméierung an engem separaten Akt festgehalen.

Kann een d’Kand och no der Hochzäit eréischt unerkennen?

Jo, et ass méiglech e Kand och eréischt dono unzëerkennen, dann muss d’Legitimatioun awer per Urteel festgehale ginn.

A wéi gesäit een dann, datt eng Legitiméierung gemaach ginn ass ?

Eng Legitiméierung gëtt an de Bord vum Acte de naissance vum legitiméierte Kand agedroen, gegeebenenfalls och vu sengem Acte de mariage an Akten betreffend den Persounestand (etat civil) vu sengen Nokommen.

All interesséiert Persoun kann d’Aschreiwen vun deem Vermierk froen.

Wann d’Legitiméierung am Kader vun der Hochzäit gemaach gëtt, da mécht de Standesbeamten dat.

An ab wéini ass déi Legitiméirung effektiv ?

D’Gesetz gesäit vir, datt d’Legitimatioun hir Effeten ab dem Dag vun der Hochzäit huet.

Wat sinn d’Konsequenzen vun esou enger Legitiméierung ?

Duerch d’Legitiméierung kritt d’Kand wat legitiméiert ginn ass, all Rechter a Flichten vun engem legitimme Kand.

Déi Konsequenzen sinn hautdesdaags vill mi geréng wéi fréier, well keen Ënnerscheed méi gemaach gëtt tëscht Kanner déi am an ausserhalb vun engem Bestietnes op d’Welt kommen, mä beim Choix vu verschiddenen Prozeduren kann et awer nach spillen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu