Mat allem wat mer iwwert di lescht Méint gesinn hunn, ass et villäicht gutt eng Kéier e kuerze Resumé ze maachen wien dann elo am Stierffall ierft a wéi d’Koppel Situatioun vum Verstuerwenen dorop en Afloss kann hunn.

1. De Prinzip
Wa keen Testament do ass ierft deen (oder déi) deen am nooste Famill ass, no de Reegelen aus dem Gesetz.

2. Eng Persoun aus enger Koppel stierft – et gëtt keen Testament :
Wann een einfach zesummen ass, kritt de Partner näischt.
Wann een gepacst ass och net.
Wann ee bestuet ass huet een e Recht op d’Ierfschaft.

3. De Verstuerwenen war bestuet an d’Koppel haat eng Communauté universelle:
Wann keng oder just gemeinsam Kanner do sinn gehéiert mam Dout automatesch alles em Iwwerliewenden aus der Koppel.
Wann de Verstuerwenen Kanner aus enger éischter Relatioun haat, kennen déi froen fir hier Deel ze kréien, also datt daat waat den Iwwerliewenden duerch d’Communauté universelle huet reduzéiert gëtt.

4. De Verstuerwenen war bestuet an d’Koppel haat eng Séparation des biens oder kee Contrat de mariage
An deem Fall huet den Iwwerliewenden aus der Koppel d’Wiel tëscht der Kandsdeel an dem Widdem op der Wunneng wou een mam Verstuerwenen gewunnt huet (wann déi deem wéinstens zum Deel gehéiert huet).

5. Daat heescht och wann eng Koppel eng Séparation des biens huet ierft den Iwwerliewenden awer?
Jo, de Contrat de mariage regelt d’Proprietéitsverhältnisser an der Koppel zu Liefzäiten, mä beim Dout spillen di selwecht Reegele wéi ëmmer.

6. Mä wann een eng Communauté universelle huet ierft jo awer den Iwwerliewenden aus der Koppel alles ?
Nee, rechtlech gesinn gehéiert an der Communauté universelle alles waat se hunn, deenen zwee zesummen, a beim Dout vun deem engen eben nëmmen nach dem Iwwerliewenden aleng. D’Reegele vun der Ierfschaft spillen wi emmer mä an der Ierfschaft ass näischt dran, d’Ierfschaft selwer ass eidel, et gëtt näischt ze verdeelen.

7. Wann ech mech also bestueden, an ech hu Kanner aus enger éischter Relatioun, an ech well datt nëmmen d’Kanner ierwen, waat muss ech dann maachen?
Da muss een en Testament maachen, wou den iwwerliewenden Partner entierft gëtt, an dann bezuelen d’Kanner am Prinzip op deem Deel deen se méi kréien wéi an deem Fall vum Gesetz virgesinn wann keen Testament do wär, Ierfschaftssteier.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu