... an et awer Zweiwel gëtt, dass et effektiv deem säi Kand ass. Wéi e Recours huet een dann? Dat huet d'Marie Gales bei der Affekotin Nathalie Frisch nogefrot.

Gëtt et iwwerhaapt eng Méiglechkeet fir eng Filiation légitime ze kontestéieren?

Wann eng Filiation légitime besteet an d’Possession d’état, also d’Ëmstänn a wéi d’Relatioun vu bausse gesi gëtt, konform ass zu deem wat am Acte de naissance steet, da ka keen den Etat vun där Persoun kontestéieren.

A wann déi Possession d’état net ginn ass ?

An deem Fall ka jiddereen, deen en Interessi drun huet eng Filiatioun kontestéieren, déi also just “um Pabeier” besteet, an net duerch d’Ëmstänn mat beluecht gëtt: et ass eng Aktioun wou en also d’Existenz vun enger legitimmer Pappeschaft kontestéiert.

Dat kann d’Kand selwer si wat kontestéiert, oder déijéineg, déi der Meenung sinn déi richteg Elteren ze sinn, oder och vun Drëttpersounen, déi en Interessi drun hunn.

Ass déi Aktioun un Delaie gebonnen?

Dat hänkt dovun of wien d’Aktioun wëllt maachen:

D’Kand kann d’Filiation légitime säi ganzt Liewen laang ufechten.

Déi, déi der Meenung sinn, datt si déi richteg Elteren sinn, kënne d’Aktioun maache sou laang d’Kand mannerjäreg ass.

Drëttpersounen, déi en Interêt hunn, kënnen d’Aktioun am Prinzip nëmme bannent vun zwee Joer maachen ab deem Moment wou den Acte de naissance gemaach ginn ass wou d’Filiatioun drasteet.

Wann awer elo aus engem gudde Grond fir déi Leit net méiglech war d’Aktioun an deem Delai ze maachen, dann kann d’Geriicht wat een nennt en « relevé de déchéance » spriechen, an hinnen domat erlabe fir awer d’Prozedur nach ze maachen och wann den Delai vun 2 Joer laanscht ass.

Gëtt et nach aner Aktiounen déi méiglech sinn?

Jo, et gëtt nach d’Action en réclamation d’état. Am Géigesaz zu deem wat mer lo grad gesinn hunn, wou ee kontestéiert, datt een zum Beispill de Papp ass, reklaméiert een an dësem Fall, datt soll unerkannt gi wien d’Elteren sinn, ouni datt een géint ee virgeet, mä et freet ee just datt dat soll unerkannt ginn.

A wie kann déi Aktioun maachen?

D’Kand, déijéineg déi der Meenung sinn, datt si déi richteg Eltere sinn, oder d’Ierwen, awer déi nëmme wann d’Kand d’Prozedur net gemaach huet a mannerjäreg oder bannent vu 5 Joer no senger Majoritéit gestuerwen ass.

Si kënnen awer och d’Prozedur weiderféieren, déi vum Kand ugefaange gouf (reprise).

Wat muss een dann do vu Beweiser bréngen?

Et kann een de Beweis mat Hëllef vun Zeien bréngen, wann awer och entweder schrëftlech Indizien virleien, datt et kéint esou sinn, oder Présemptiounen oder Indizien, datt et effektiv esou ass, déi scho relativ kloer sinn.

A wann ee mengt säi Kand wär vertosch ginn?

An deem Fall kann een dat op egal wéi eng Manéier beweisen (schrëftlech, Zeien, etc).

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu