Do ass mol de Basis-Prinzip
Déi leschte Kéier hate mer gesinn, datt de Basis-Prinzip deen ass, datt een déi Prozeduren vun deene mer geschwat hunn, viru d’Bezirksgeriicht vum “Domicile”, dem offizielle Wunnsëtz, vun deem géint deen ee virgeet muss goen, also jee no Fall Stad Lëtzebuerg oder Dikrech.

Mä wéi ass et da wann d’Géigepartei hiren offizielle Wunnsëtz net zu Lëtzebuerg huet ?
Wann e Geriicht zu Lëtzebuerg mat engem Fall befaasst gëtt an et ass een der Meenung, datt et dat falscht Geriicht war, da muss een dat direkt am Ufank ervirhiewen, virun allen aneren Argumenter.
Fir ze decidéieren ob dat Geriicht dann elo kompetent ass, kuckt d’Geriicht a sengem nationalen Gesetz, wat do virgesinn ass: wann dann am Gesetz steet datt, zum Beispill, do ass wou eng Firma hir Haaptaktivitéit hues, ausschlaggebend ass, an dat wär am Ausland, dann deklaréiert sech d’Lëtzebuerger Geriicht als net kompetent fir de Fall ze riichten.
Wann awer drasteet, datt den offiziellen Wunnsëtz zielt, da gëtt gekuckt wou deen ass.

Ass dat dann ëmmer do wou ee grad ugemellt ass?
Et gëtt ëmmer mol gekuckt wou een ugemellt ass. Ma et gëtt awer och gekuckt, ob een sech net nach séier an en anert Land ëmgemellt huet, just nëmme fir der Kompetenz vum Lëtzebuerger Geriicht ze entgoen: falls dat de Fall wär, kann de Riichter decidéieren, datt hien d'Kompetenz huet, och wann den Defendeur säin offizielle Wunnsëtz net méi zu Lëtzebuerg huet.

Wann et e Prinzip gëtt, gëtt et jo och bestëmmt Ausnamen?
Jo, et ginn eng ganz Rei Ausnamen vum Gesetz, déi eng aner Kompetenz wéi déi vum offiziellen Wunnsëtz oder Setz vum Defendeur festhält.
Dat ass zum Beispill de Fall am Droit de la consommation, am Aarbechtsrecht, fir virsuerglech Moossnamen, oder Decisiounen déi dréngend musse geholl ginn, eventuell wou d’Immobilie steet ëm déi et sech dréit, oder wann een, a verschiddene Beräicher, per Kontrakt eng bestëmmte Geriichtskompetenz festgehale huet etc.

An da gëtt et nach den Artikel 14 an den Artikel 15 vun eisem Code civil:
Den Artikel 14 vum Code civil erlaabt engem Lëtzebuerger fir en net Lëtzebuerger, deen net zu Lëtzebuerg wunnt, virun e Lëtzebuerger Geriicht ze zitéieren, fir eppes fir dat deen sech verflicht huet, sief et zu Lëtzebuerg oder am Ausland, exekutéieren ze loossen.
Et schwätzt een hei vum “Privilège de nationalité”.
An den Artikel 15 vum Code Civil erlaabt et e Lëtzebuerger egal wou e wunnt virun e Lëtzebuerger Geriicht ze zitéieren, fir d’Executioun vun enger Verflichtung, egal wou en déi agaangen ass.

Funktionéiert dat nëmme wann een e Kontrakt mat engem huet ?
Neen, an do ass et wou et interessant fir eis Matière gëtt : déi Kompetenz gëllt souwuel wann e Kontrakt do ass, wéi dat net-kontraktuellt.
Am Fall vun enger Action en Recherche de paternité kann also e Lëtzebuerger en Net-Lëtzebuerger, oder en Net-Lëtzebuerger e Lëtzebuerger, och wann en net zu Lëtzebuerg wunnt, virun d’Lëtzebuerger Geriicht zitéieren.
Et kann een natierlech op de Privileeg verzichten, explizitt, an engem Schrëftstéck, oder implizitt, wann ee seng Aktioun virun engem Geriicht am Ausland ufänkt, oder sech do fräiwëlleg presentéiert ouni d’Inkompetenz vun deem Geriicht ervirzehiewen.
Den Droit international privé ass eng komplizéiert Matière an et ass onbedéngt unzeroden Fall fir Fall ze kucken ënnert wéi eng Reegelen ee fält, ob et Accorden tëscht de betraffene Länner ginn, déi ënnerschriwwe gi sinn, wou aner Reegele fir déi eng oder aner Situatiounen festgehale gi sinn, fir datt een net herno Zäit verléiert, andeems ee virum falsche Geriicht usicht an doduerch eventuell Delaise verpasst an eng Verjärung antrëtt !

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu