AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Et gëtt 3 verschidden Zorten Testamenter:

- Testament olographe - handgeschriwwen
- Testament authentique - virum Notaire
- Testament mystique/secret - gëtt an enger zouener Enveloppe bei engem Notaire deposéiert, a Präsenz vun 2 Zeien

Egal wéi eng Form ee wielt ass et ëmmer unzeroden sech virdrun vun engem Affekot oder engem Notaire beroden ze loossen, fir datt een sech ka sécher sinn datt dat wat een wëlles huet och vum Gesetz hier an der Rei ass.

Wat ass en Testament olographe a wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler?

En Testament olographe ass en Testament wat een zu all Moment kann schreiwen. Et muss op der Hand geschriwwe sinn, an et muss en Datum dropstoen, an ënnerschriwwe sinn vun deem deen et schreift. Wann een en handgeschriwwen Testament mécht, besteet de Risiko datt et net fonnt gëtt, oder datt et verschwënnt. Dofir muss een dofir suergen datt eng Vertrauenspersoun weess datt et existéiert, an wou, oder et kann een et um "Registre central des dispositions de dernière volonté" enregistréieren loossen. Dofir muss een bei d'Administration de l'Enregistrement et des Domaines goen, an et bezilt een eng Taxe di am Moment bei 9,92.- Euro läit. D'Testament selwer kennt net bei den Enregistrement leien, et gëtt ee just u ween d'Testament versuergt oder wou et läit.

Wann ee stierft muss deen deen sech em d'Ierfschaft këmmert, sief et d'Ierwen oder den Notaire oder den Affekot deen den Ierwen bäisteet, en Acte de décès um Regester presentéieren an da kritt e gesot ob en Testament existéiert, a wou et läit.

Wat ass en Testament authentique a wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler?

En Testament authentique ass en Testament wat virun engem Notaire an 2 Zeien, oder virun 2 Notairen gemaach gëtt. Den Notaire schreift genau dat op wat d'Persoun déi hiert Testament well maachen - den Testateur - him diktéiert. De Virdeel vun där Zort Testament ass déi datt den Notaire dofir suerg datt souwuel di formell Konditiounen wéi den Inhalt dem Gesetz entspriechen, an een also eng besser Garantie huet datt engem säi Wonsch och herno richteg ëmgesat ka ginn.

Den Notaire muss dat Testament och enregistréieren.

Wann een esou en authentescht Testament well änneren muss een di Ännerung och erëm virum Notaire maachen.

Wat ass en Testament secret an wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler?

En Testament secret ass en Testament wat vum Testateur ënnerschriwwen ass, an an enger zouener Enveloppe beim Notaire ofgi gëtt, bei 2 Zeien zou, an den Notaire mécht en offiziellen Akt datt dat Testament bei him läit. Dat Testament gëtt dann vum Notaire um Regester enregistréiert. Den Notaire weess an deem Fall net wat am Testament steet, kann also och net iwwerpréiwen op dat wat den testateur geschriwwen huet legal ass, an also och herno sou kann ëmgesat ginn.

An der Praxis gesäit een déi Form vun Testament quasi ni.

Ech well en Testament maachen, wéi soll ech mech uleeën?

Et ass virun allem wichteg datt en sech gutt berode léisst, vun enger neutraler Persoun, déi kee perséinlechen Interesse an der Ierfschaft huet. Et kann ee sech bei engem Affekot oder bei engem Notaire ëmfroen wat méiglech ass.

Da muss een decidéieren wéi eng Form vun Testament ee well maachen, a wat ee wiem well verierwen.

Wann een en Testament authentique well maachen muss een e Rendez-vous bei engem Notaire maachen, seng Coordonnéeën eraginn, an am Beschten am Viraus schonn eng Kopie vun der Carte d'Identité fir datt den Akt scho formell kann preparéiert ginn. Den Inhalt vum Testament kritt den Notaire dann den Dag vum Akt diktéiert, et muss een also da genau wësse wat ee wëllt.

Am 3. Deel vun dëser Rubrik kucke mer wien hei zu Lëtzebuerg en Testament soll maachen a wéi eng Limitten et ginn.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu