AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Muss een hei zu Lëtzebuerg en Testament maachen?

Neen, hei zu Lëtzebuerg muss keen en Testament maachen. A wann een eent mécht muss een et och net onbedéngt fir säi ganze Besetz maachen, et kann een et och just fir verschidden Objete maachen.

Wat geschitt wann keen Testament do ass?

Wa keen Testament do ass, da gëtt de Besetz vum Verstuerwenen esou verdeelt wéi d'Gesetz et virgesäit. Et schwätzt een dann vun der gesetzlecher Ierffolleg (ordre légal des successions). Do hänkt et dann vun der perséinlecher Situatioun vu jidder eenzelem of, op e Kanner huet, bestuet ass, en Contrat de mariage huet, a wann e keng Kanner huet, op d'Elteren nach liewen, op e Geschwëster huet etc. De Basis Prinzip ass deen datt déi noosten Familljememberen déi do sinn ierwen.

Di Opstellung ze maachen kann heiansdo ganz komplizéiert sinn, wann di nooste Famill iwwert d'Kanner, den Partner oder d'Geschwëster an d'Elteren erausgeet. A verschiddenen Fäll gëtt et néideg en Généalogiste anzeschalten, deen de Stammbam opstellt, an Ierwen sicht, oder eben feststellt datt d'ierwen net kennen fonnt ginn. Dat ass dann de Fall wann d'ierwen net all hei am Land wunnen, ënner anerem well et a villen Länner esou ass datt een sech net op der Gemeng muss un an ofmellen, da gëtt et schwéier d'Leit ze fannen.

- Kanner an Enkelkanner
- den Iwwerliewenden Conjoint
- de Papp an d'Mamm vum Verstuerwenen, zesummen mat de Geschwëster an deenen hier Nokommen ;
- Grouss-Elteren an aner Virfahren ;
- Monnien, Tattaen, Neveuen an Niessen etc. bis op den Niveau vun den Enkelkanner vun de Cousine;

A wann ee keng Ierwen huet oder fënnt?

An deem Fall gëtt vum Geriicht eng Persoun genannt déi sech em d'Verwaltung vun der Successioun këmmert. Et schwätzt een an deem Fall vun enger "Succession vacante". Dee Curateur muss dofir Suergen datt d'Scholden bezuelt ginn déi opstinn, datt den Actif realiséiert gëtt, an wann alles ofgeschloss ass, dann ierft de Staat.

Kann ee ganz fräi entscheeden wiem ee wat verierft?

Et gëtt eng Limite hei zu Lëtzebuerg: et kann ee seng Kanner net ganz entierwen. Wann een 1 Kand huet, kann ee mat der Hallschent vun der Ierfschaft maache wat ee well, bei 2 Kanner mat 1/3, a bei 3 oder méi Kanner mat 1/4. Et schwätzt een do vun der Quotité disponible.

De Rescht steet de Kanner zou. Wann ee per Testament iwwert deen Deel deen disponibel ass erausgeet, kennen d'Kanner froen datt dat reduzéiert gëtt, a si hier Deel kréien déi hinne vum Gesetz hier zousteet.

Ween soll en Testament maachen?

Wann een Ierwen huet déi vun der gesetzlecher Ierffolleg hier souwisou ierwen, an een och well datt déi alles ierwen, dann brauch ee keen Testament ze maachen. Et kann een awer an deem Fall en Testament-Partage maachen, fir festzehalen wee wat genau soll kréien.

An deem Testament ginn di verschidde Saachen déi een ze verierwen huet opgezielt an dann verdeelt op seng Ierwen. Dat gëtt zum Beispill gemaach fir datt d'Ierwen nom Dout kee Sträit kréien wann et em d'Opdeelen geet. Et muss een do dann natierlech op de Wäert vun deenen verschiddenen Objeten oppassen. Wann een zum Beispill 2 Kanner huet an jidder Kand säin Deel wéi am Gesetz virgesinn well ginn, also jidderengem d'Hallschent, dann muss de Wäert vun deem wat verdeelt gëtt och natierlech deem entspriechen.

Wann een awer engem aneren eppes well ginn wéi deem dee vum Gesetz virgesinn ass, da muss een en Testament maachen. Beispill: et huet ee kee Conjoint a keng Kanner, an awer 2 Geschwëster, mä et well een awer datt nëmmen ee vun de Geschwëster ierft, an deem Fall muss een en Testament maachen.

Eng Persoun déi keng Ierwen huet ass natierlech och gutt beroden fir en Testament ze maachen, wann se net wëllt datt alles un de Staat fält. Et gesäit een an deenen Fäll oft datt d'Leit dann als Ierwen karitativ Organisatiounen asetzen, an / oder Frënn, oder Bekannten déi sech em se gekëmmert hunn.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu