AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Wéi al muss ee sinn fir kennen en Testament ze maachen?

Enner 16 Joer kann ee keen Testament maachen. Wann awer eent géif fonnt ginn, ass dat ongülteg, och wann di betraffe Persoun mëttlerweil volljäereg wier.

Tëscht 16 an 18 Joer kann een en Testament maachen, awer nëmmen bis maximal d'Halschent vu sengem Besetz. Wann en méi géif verdeelen kéint vun den Interesséierten Persounen d’Réductioun gefrot ginn.

Ab 18 Joer kann een iwwert 100% vu sengem Besetz per Testament bestëmmen.

Ka jiddereen dee méi al wéi 18 Joer ass zu all Moment en Testament maachen?

Fir datt ee kann en Testament maachen muss een capabel sinn saïn Wëllen fräi auszedrécken, also "sain d'esprit" sinn an net ënner Drock gesat ginn, an dat dee Moment wou e saïn Testament mécht.

Et geet hei drëm fir Persounen déi méi vulnérabel sinn ze schützen. Dofir kann eng Persoun déi ënner Tutelle ass zum Beispill keen valabelt Testament maachen, sou en Testament wier ongülteg. Dat selwecht ass wouer fir eng Persoun déi zwar net ënner Tutelle ass, mä déi zum Beispill duerch eng Krankheet net méi ëmmer weess wat se mécht, zum Beispill wann eng Persoun Alzheimer oder Démenz huet.

Wann ierwen der Meenung sinn datt en Testament gemaach ginn ass, mä datt di Persoun net wierklech wosst wat se gemaach huet, dann kann ee viru Geriicht froen datt en Testament null und nichteg erkläert gëtt. Dofir muss een dann natierlech e Beweis bréngen datt di Persoun zu dem Zäitpunkt wou se d'Testament gemaach huet net ganz bei sech war. Dat kann een maachen andeems een en Certificat médical vun engem Dokter virleet, oder duerch Zeienaussoen, mä et muss fir de Riichter kloer sinn datt et keen Zweiwel gouf datt di Persoun net wousst wat se géif maachen. Des Prozedur kann een géint all Form vun Testament aleeden, och wann et virun Notaire gemaach ginn ass.

Sinn d’Konditiounen fir kennen en Testament ze maachen déi selwecht fir all Zort Testament ?

Neen. Di Haaptkonditiounen bleiwen fir all Zort Testament di selwecht, mä et komme bei verschiddene Formen vun Testamenter nach anerer bäi:

Bei engem olographeschen, also hand geschriwwenen Testament muss een, logescherweis, schreiwen kennen, well et muss een dat jo selwer ganz op der Hand schreiwen.

Bei engem Testament mystique muss een net onbedengt schreiwen kennen, well et kann een och en aneren et schreiwen loossen, et diktéieren, um Computer tippen. Et muss een et awer ënnerschreiwen kennen, oder et muss eng speziell Déclaratioun virum Notaire an den Zeien gemaach ginn wann een net kann ënnerschreiwen. Dat heescht och eng Persoun di zum Beispill wéint Krankheet kee laangen Text op der Hand ka schreiwen, mä eng Persoun huet déi hier et ka virbereeden, kann esou en Testament maachen.

Et muss een onbedengt liesen kennen fir kennen en Testament mystique ze maachen, well wann een et bei den Notaire bréngt, muss een eng Déclaratioun maachen datt an dem Testament wat ee bréngt dat drasteet wat saïn Wellen ass, wéi et geschriwwen ass (op der Hand, um Computer, vun him, vun engem aneren…)  an datt en den Inhalt vum Testament kontrolléiert huet, wann zum Beispill en aneren et fir hien virbereet huet. Dat kann en nëmmen kontrolléieren wann e liesen kann.

Den Datum deen bei deem Testament zielt ass deen Dag wou den Notaire et presentéiert krut an säin acte de subscription mécht. Dat ass den acte wou den Notaire festhält wéini en d’Testament presentéiert krut, wéi den Zoustand vum Pabeier war, an d’Déclaratiounen vun deem deen d’Testament mécht.

Eng Persoun déi stomm ass, kann och esou en Testament maachen, an deem Fall gëtt d’Déclaratioun virum Notaire dann schrëftlech gemaach: di Persoun muss dann natierlech schreiwen kennen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu