AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1. Gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Ierfschaftssteier?
Zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner gëtt et eng Ierfschaftssteier, déi d’Ierwe musse bezuelen wann se eppes ierwen.

 

Situatioun

 

 

Pourcentage

Tëscht Bestueten en, wann se keng Kanner zesummen hunn:

5%

Tëscht Leit déi zënter méi wéi 3 Joer, um Dag wou d’Ierfschaft opgeet, gepacst sinn, an déi keng gemeinsam Kanner hunn

5%

Tëscht Geschwëster

 

-       op deem Deel deen een ab intestat kritt, also well et vum Gesetz esou virgesinn ass

-       op deem Deel deen ee méi kritt

 

6%

15%

Tëscht Monnien an Tattaen, Neveuen an Niècen, tëscht Adoptéiertem an Adopteur:

 

-       op deem Deel deen een ab intestat kritt, also well et vum Gesetz esou virgesinn ass

-       op deem Deel deen ee méi kritt

 

 

 

9%

15%

Tëscht Grouss Monni oder Grousstatta an Grouss Neveu an Groussnièce, tëscht deem deen adoptéiert huet an den Nofolger vum Adoptéierten :

-       op deem Deel deen een ab intestat kritt, also well et vum Gesetz esou virgesinn ass

-       op deem Deel deen ee méi kritt

 

 

 

 

 

10%

15%

Tëscht allen aneren Familljememberen, oder wann een net Famill ass

 

15%

E speziellen Taux vun 4%, ouni Majoratioun, ass fiergesinn fir verschidden Entitéiten, wéi zum Beispill d’A.s.b.l.’en, d’Fondatiounen, d’Gemengen, d’Hospizer, d’Kierchefabriken, de Bistum, d’Consistoiren, d’Synagogue.

3. Ass dat alles wat ee muss bezuelen?
Neen, op deem Montant deen do erauskënnt ginn dann nach “Dizièmes” drop gerechent, eng Majoratioun déi dovun ofhänkt wéivill een geierft huet:

10.000 – 20.000 €

1/10

20.000 – 30.000 €

2/10

30.000 - 40.000 €

3/10

40.000 - 50.000 €

4/10

50.000 - 75.000 €

5/10

75.000 - 100.000 €

6/10

100.000 - 150.000 €

7/10

150.000 - 200.000 €

8/10

200.000 - 250.000 €

9/10

250.000 - 380.000 €

12/10

380.000 - 500.000 €

13/10

500.000 - 620.000 €

14/10

620.000 - 750.000 €

15/10

750.000 - 870.000 €

16/10

870.000 - 1.000.000 €

17/10

1.000.000 - 1.250.000 €

18/10

1.250.000 - 1.500.000 €

19/10

1.500.000 - 1.750.000 €

20/10

1.750.000 €

22/10

Den Total vun deenen zwee Montant s ass dat wat een bezuelen muss. Et ass also onméiglech engem am Viraus ze soen wéivill Ierfschaftssteier een muss bezuelen wann een net genau weess wéivill een ierft.

4. Bezilt een dee selwechte Montant egal op deen Verstuerwenen zu Lëtzebuerg oder am Ausland gewunnt huet?
Bis virun e puer Joren ass en Ënnerscheed gemaach ginn tëscht dem Montant vun den Droits de Succession an den Droits de Mutation. Droits de Mutation ass dat wat un Steier ze bezuelen ass wann eng Persoun déi net hei zu Lëtzebuerg gewunnt huet stierft, an awer eng Immobilie hei zu Lëtzebuerg hat, déi dann muss op d’Ierwen iwwerschriwwen ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt elo keen Ënnerscheed méi gemaach, de Montant deen ee bezilt ass hautdesdaags ëmmer deen selwechten, egal op den verstuerwenen zu Lëtzebuerg oder am Ausland gewunnt huet.

5. Muss jiddereen hei zu Lëtzebuerg Ierfschaftssteier bezuelen? -       Daat waat een en “ligne directe” ierft, also tëscht Elteren, hire Kanner a Kannskanner, an di zwou Richtungen, soulaang een souvill kritt wéi een vum Gesetz hier ze gutt hätt. Wann een méi kritt wéi saïn gesetzlechen Deel, muss een op deem Deel deen ee méi kritt huet Ierfschaftssteier bezuelen. Den taux variéiert tëscht 2,5 % an 5%.-       Wann een bestuet oder zënter méi wéi 3 Joer gepacst ass an gemeinsam Kanner huet brauch den Iwwerliewenden vun der Koppel keng Ierfschaftssteier ze bezuelen.-       Alles wat den Iwwerliewenden vun enger bestueten er oder gepacster Koppel (no 3 Joer) als Widem oder periodesch kritt, wann d’Kanner vum Verstuerwenen aus engem vierechten Mariage, oder hier Nokommen, Propriétaire gi sinn oder di periodesch Paiementer musse maachen.-       All Ierfschaft déi manner héich ass wéi 1.250.- Euro-       D’Immobilien déi en geierft huet an déi am Ausland sinn.

6. Ass et dann sécher datt een guer keng Ierfschaftssteier muss bezuelen? Neen, et kann awer sin datt déi Leit trotzdem am Ausland mussen Ierfschaftssteier bezuelen wann se entweder selwer am Ausland wunnen, an do d’Gesetz en anert ass, oder wann d’Immobilie am Ausland ass, an do den Equivalent vun eisen Droits de Mutation muss bezuelt ginn.

Bei der ganzer Ierfschaftssteierfro ass et kloer datt et sech em eng ganz komplex Matière handelt, déi net esou einfach ze verstoen an ze resüméieren ass. Och hei gelt also erëm, datt een all eenzel Situatioun am Detail muss analyséieren loossen fir ze wëssen wat ob een duerkënnt.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu