AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Wann een an der Scheedung ass, denkt een net onbedengt un all d'Problemer déi kenne ob een duerkommen, an di wéinegst Leit froe sech dee Moment wat géif passéieren wann eng Ierfschaft géif opgoen. Dobäi ass et wichteg sech bewosst ze sinn, datt een, soulaang een sech an der Scheedungsinstanz befënnt, muss mat Konsequenzen um Niveau vun Ierfschaften rechnen an dat op verschiddenen Niveauen.

1. D'Scheedungsprozedur leeft an ee vun deenen zwee ierft während deem, wat geschitt mat der Ierfschaft?

Dat hängt dovun of wéien Régime matrimonial d'Leit hunn, also ob se ënnert dem Régime legal bestuet sinn, eng Gütertrennung hunn oder an enger Gütergemeinschaft sinn, oder soss e Contrat de mariage ofgeschloss hunn.

Wann een ënnert dem Régime legal bestuet ass oder eng Gütertrennung huet an et ierft een, dann gehéiert dat wat een ierft nëmmen deem den Ierwen ass.

Wann zum Beispill en Testament do ass wat deenen zwee et verierft, gehéiert et hinnen natierlech zesummen. Mä wann eng Persoun vun hiren Elteren ierft an et ass keen Testament do, dann gehéiert et nëmmen dem Kand wat geierft huet, an et fält net an d'Communauté.

Wann een awer eng Gütergemeinschaft huet fält d'Ierfschaft am Prinzip an di Gütergemeinschaft. Jidderengem gehéiert einfach alles wat een huet oder kritt. Dat muss also dann och op déi zwee verdeelt ginn.

2. Kann ee per Kontrakt verhënneren datt deen aneren automatesch e Recht drop huet?

Et kann een an de Contrat de Mariage extra Clauselen setzen, zum Beispill festhalen datt am Fall vun der Scheedung d'Opdeelung gemaach gëtt wéi beim régime legal, wat heescht datt dat wat en ierft zwar an d'Communauté fält, mä well et als en bien propper vun deem dee geierft huet ugesi gëtt, huet een eng Compensatioun dofir ze gudd.

Et muss ee wëssen datt di Contrats de mariage déi een kennt, also d'Gütertrennung an d'Gütergemeinschaft Modellen sinn fir d'Saach ze vereinfachen, mä déi kennen awer spezifesch ugepasst ginn.

3. Wéi kann een nach verhënneren datt den zukünftegen Ex-Conjoint e Recht dorop huet?

Et hängt alles dovun of op wéien Datum d'Effets vun der Scheedung festgehal ginn. Et huet een d’Méiglechkeet fir am Kontext vun der Scheedungsprozedur d’Geriicht ze froen datt am Uerteel décidéiert gëtt datt d'Konsequenzen vun der Scheedung op en Datum fest geluecht ginn deen virun dem Scheedungsurteel läit.

Dat kann den Dag sinn ob deem d'Zesummenliewen oder d'Collaboratioun opgehal huet, oder den Dag wou d'Prozedur ageleet ginn ass.

Et ass also wichteg datt een de Riichter freet fir en Datum festzehalen deen virun dem Stierffall läit fir datt d'Ierfschaft net méi an d'Communauté fält.

Et ass an dofir extrem wichteg fir saïn Affekot ze informéieren ob wéi engem Datum wat geschitt ass, an virun allem datt eng Ierfschaft erakomm ass.

4. Ee vun deenen zwee Conjointë stierft während der Scheedungsprozedur, huet deen aneren nach Recht op seng gesetzlech Deel?

Jo, soulaang een net gescheet ass bleift een Ierwen.

Wann keng Kanner saitens dem Verstuerwenen do sinn, ierft den Iwwerliewenden Partner alles vum Verstuerwenen.

Wann de Verstuerwenen Kanner huet, huet den Iwwerliewenden Partner d'Wiel tëscht enger Kandsdeel an dem Widdem um  Haus, mat de Miwwelen, wou een zesummen dra gewunnt huet. Am Fall vun enger Scheedungsprozedur déi amgaang ass, ass et normalerweis nëmmen d'Kandsdeel déi a Fro kennt, well et meeschtens esou ass datt d'Leit nemmi zesummen wunnen.

5. Wéi kann een dat verhënneren?

Wann een net well datt deen zukënftegen Ex-Mann / Ex-Fra nach eppes ierft wann een géing stierwen éier d'Scheedung duerch waer, huet een zwou Méiglechkeeten:

- et kann een géint den Iwwerliewenden eng Séparation de corps bei Geriicht froen: wann déi gesprach ass verfällt d'Recht vun deem aneren fir eppes ze ierwen wann een vierverstierft.

- et kann een per Testament deen aneren vun enger Ierfschaft ausschléissen. Am Géigesaatz zu de Kanner kann een säin Mann / seng Fra entierwen.

6. Heescht dat et kann sinn datt een ouni Näischt do steet?

Nee, net ganz. D'Gesetz gesäit fir datt wann den Iwwerliewenden Partner, deen näischt vu sengem Partner geierft huet, am Besoin ass, en e Recht op en "secours alimentaire" huet, also eng gewëssen Zomm ze kréien fir iwwert d'Ronnen ze kommen.

D'Ierwen mussen dat dann bezuelen. Dat kann eng Rent sinn oder et kann als Kapital ausbezuelt ginn, mä et muss innerhalb vun engem Joer nom Dout vum Partner oder bis zum Enn vum Partage vun der Ierfschaft gefrot ginn.

Och do huet een e Recht drop wann een an der Scheedungsprozedur war, mä d'Scheedung nach net duerch war, souguer wann eng Séparation de Corps prononcéiert war.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu