AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Wann een alleng Ierwen ass huet een verschidden Problemer net, ënner anerem de Problem vun der Indivision successorale: wann een an enger Ierfschaft zu e puer zesummen eppes ierft, ass een zesummen Propriétaire, an et ass een also an enger esou genannter Indivision, well déi Objet s eben net verdeelt sinn.

1.       Däerf een alleng sech em di Objet s këmmeren déi an der Indivisioun sinn?

De Prinzip ass datt keen vun den Ierwen alleng e Recht huet ob déi Objet s. Am Prinzip mussen also d ‘Ierwen zesummen handelen. Et kann net sinn datt en vun den Ierwen vun engem Objet aus der Indivisioun alleng profitéiert, ouni datt di aner averstan sinn. Jee nodeem wéi d ‘Situatioun ass hunn di Ierwen di net konnten vum Objet profitéieren dann eng Entschiedegung ze gutt.

2.       Ass een dann bloquéiert wann een vun den Ierwen sech queesch leet ?

Neen, d ‘Gesetz gesäit Ausname fir fir genau esou en Blocage ze verhënneren.

3.       Wéi eng Ausnamen sinn dat ?


Actes conservatoires
 :

All Indivisaire kann d ‘Initiative huelen fir eppes fir d’Indivisioun ze maachen wat zu hirer Conservatioun bäidréit, dat heescht fir den Objet an deem Zoustand ze halen wéi en elo ass, wann en Risiko besteet datt saïn Zoustand sech soss géif verschlechteren an domat och d ‘Rechter vun den Indivisairen géifen drënner leiden. Als Beispill kéint een eng Erneierung vun enger Hypothéik nennen, eng Ennerbriechung vun enger Prescriptioun, eng dréngend Reparatur, etc

Wat an deem Fall d ‘bezuelen ubelaangt, esou kann deen den d ‘Mesure hellt entweder mat sengen eegenen Suen bezuelen, oder mam Accord vun deenen aneren Ierwen oder mat der Erlaabnis vum Riichter Suen vun der Indivisioun dofir huelen.

Actes d’administration:

Och hei ass den Prinzip datt d ‘Ierwen all zesummen mussen handelen fir d’Indivisioun ze verwalten. Se kennen awer zum Beispill engem vun hinnen en generellt Mandat ginn fir sech em dat Dagdeegelegt ze këmmeren, am Kader vun enger perséinlecher Exploitatioun. Dat kann e schrëftlech Mandat sinn, oder awer en implizit Mandat, wann een sech em d ‘Gestioun këmmert, an di aner wëssen et an opposéieren sech net.

Fir all aner Fäll muss e speziellt Mandat gi ginn, schrëftlech, zum Beispill fir den Objet ze verlounen: do muss also eng ausdrécklech Erlaabnis un deejéinegen deen sech soll drëm këmmeren gi ginn.

Actes de disposition:

D ‘Ierwen mussen eestëmmech d ‘Accord sinn fir ze verkafen, ze tauschen oder eng Hypothéik opzehuelen. Et kann een e Mandat kréien, awer dat muss spezifesch fir eng Aktioun sinn, an schrëftlech.

Jidderee kann natierlech ëmmer fräi iwwert seng Part an der Indivisioun verfügen, do brauch en net den Accord vun deenen aneren fir ze handelen.

4.       Wat geschitt keen Accord do ass ?

Et ka verschidden Ursaachen hunn firwat keen Accord kennt. Et ka sinn datt d ‘Ierwen sech net eens ginn, oder datt een vun den Ierwen saïn Accord net ka ginn, zum Beispill well en aus Gesondheetsgrënn net capable ass Décisiounen ze huelen.

An deem Fall kann een d ‘Geriicht froen fir autoriséiert ze ginn fir fir d ‘Successioun ze handelen, entweder fir ee speziellen Acte, oder awer d ‘Geriicht nennt e Verwalter. Dat kann ee vun den Ierwen oder eng 3. Persoun sinn.

D ‘Geriicht décidéiert gegebenefalls wat d ‘Missioun ass, ënner wéinegen Conditiounen, etc.

5.       Wat geschitt wann een vun den Ierwen eppes fir d’Indivisioun mat sengen eegenen Suen bezuelt huet?

Et gëtt en Ënnerscheed gemaach ob dat wat een bezuelt huet eng Reparatioun ass, duerch déi den Zoustand vum Objet gläich bliwwen ass, respektiv sech net verschlechtert huet, oder ob en en Investissement ass duerch deen de Wäert vum Objet an d ‘Luucht gaang ass.

De Basisprinzip ass folgenden:

- Wann de Wäert gläich bliwwen ass kritt een dee Montant deen en dragestach huet rembourséiert.

- Wann een de Wäert gesteigert huet, huet deen deen Investissement gemaach huet et Recht op de Méi wäert deen doduerch entstan ass, souguer wann dat iwwert dat erausgeet wat een bezuelt huet.

Et gi Fäll wou Geriichter “en équité” décidéieren, dat heescht si kucken Fall fir Fall wat deejéinegen deen Suen am Interesse vun der Indivisioun virgestreckt huet, zréckkritt, dëst fir op der enger Säit d ‘Leit ze encouragéieren fir dech fir d’Indivisioun anzesetzen, och wann et keng Garantie gëtt datt doduerch en Méi wäert entsteet, oder villäicht eréischt méi spéit, an awer och op der anerer Säit ze verhënneren datt den Ënnerscheed tëscht dem Investissement an deem wat deejéinegen erëmkritt zevill héich ass.

6.       A wéi kennt een aus enger Indivisioun eraus?

Et kann een seng Deel ëmmer verkafen, un di aner oder un en Drëtten, awer dann hunn d’Coindivisairen en Virkaafsrecht

Et kann een och d ‘Opdeelen vun der Ierfschaft froen, a sou och vun der Indivisioun. Entweder ginn d ‘Ierwen sech do eens, oder et muss een den Partage, also d ‘Deelen beim Geriicht ufroen.

En Partage judiciaire, also virun Riichter huet véier Etappen:

-  Assigantioun virun d ‘Geriicht an deem Bezierk wou d ‘Ierfschaft opgaang ass. Da geet e Juge-Commissaire genannt an en Notaire gëtt als Liquidateur beoptraagt.

- D ‘Ierwen an den Notaire mussen dann den ganzen Aktiv vun der Ierfschaft mam Notaire zesummen opstellen. Wann néideg gëtt en Expert genannt fir ze évaluéieren.

- Et gi Lots zesummegestallt – entweder ginn sech d ‘Ierwen do eens, soss muss en Expert dat maachen.

Wann op enger vun deenen Etappen Contestatiounen vun engem vun den Ierwen kommen, mécht den Notaire en procès-verbal de difficultés deen dem Juge-Commissaire virgeluecht gëtt, deen dann en Rapport mécht. Falls et néideg ass gëtt dann eng Décisioun vum Geriicht geholl.

Um Enn vun dëser Etappe, mécht den Notaire e Rapport, an eng Opstellung wéivill wéien Ierwen ze gutt huet, an wéi d’Lots zesummen gestalt sinn.

Wann all d ‘Ierwen d ‘Accord sinn ass d ‘Homologatioun di dann vum Geriicht muss kommen eng puer Formalitéit, wann een net d ‘Accord ass muss en Jugement kommen nodeems déi di net d ‘Accord waren hier Argumenter virum Riichter virbruecht hunn.

-  Falls d ‘Ierwen d ‘Prozedur spéitstens zu deem Zäitpunkt net zréckgezunn hunn, muss de Riichter d’Lots duerch Tirage au sort verdeelen. An deem Fall gëtt virum Notaire gezunn wéien Ierwen wéien Lot kritt. Spéitstens hei wier et also am Interesse vun den Ierwen fir sech eens ze ginn an d ‘Prozedur zréckzezéien, soss muss een mat deem Liewen wat een eben duerch Zoufall zougesprach krut.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu