AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

An deenen leschten Emissiounen hu mer driwwer geschwat wee kann ierwen, ween kann en Testament maachen, an mir hunn eis verschidden Problemer déi kennen optauchen wann een geierft huet vu mi no ugekuckt.

Mä wat sinn eigentlech d ‘Formalitéiten di musse gemaach ginn wann eng Persoun gestuerwen ass? Wat mussen di Hannerbliwwen direkt vun administrativen Démarchen maachen?

1. Eng Persoun ass gestuerwen, wat elo?

Den Dokter stellt den Doudeschäin aus. Domat gëtt net nëmmen beschäinegt datt d ‘Persoun effektiv dout ass, mä och wéi d ‘Persoun gestuerwen ass, also ob et sech em en natierlech Dout handelt, oder Verdacht op en onnatierlechen Dout (Suizid, Mord), respektiv en Accident.

2. Wéivill Zäit huet een bis d ‘Begriefnes muss sinn?

Zu Lëtzebuerg ass et esou datt een am Prinzip muss innerhalb vun 72 Stonnen begruewen respektiv verbrannt ginn. Et ass méiglech eng Verlängerung bis zu 5 Deeg ze froen. An speziellen Fäll, wann zum Beispill eng Autopsie néideg ass, kann et och mol mi laang daueren.

3. Wat ass di éischt Démarche déi ee mécht?

Am Prinzip kontaktéiert een als alleréischt en Doudegriewer. Hautdesdaags ginn et der vill déi de Leit och bei den éischten Formalitéiten hëllefen.

4. Et muss een jo och op der Gemeng Bescheed soen.

Jo, dat kann ee vun der Famill maachen oder soß eng Persoun, zum Beispill den Doudegriewer. Et muss een dat op der Gemeng maachen vun daer Staat, deem Duerf wou d ‘Persoun gestuerwen ass. Et muss een den Doudeschäin vum Dokter an entweder d’Familjebuch, oder en Gebuertsschäin, Acte de mariage, carte d’identité mathuelen.

Wann di Gemeng wou d ‘Persoun gestuerwen ass net déi ass wou se begruewen gëtt, brauch een och nach en Asargungscertificat (mise en Bière).

Falls d ‘Persoun soll verbrannt ginn muss aus dem Certificat vum Dokter kloer ervirgoen, datt keen Zeechen an keen Indiz besteet datt et sech em eng « mort violente » handelt, an datt de Verstuerwenen keen Pace-maker hat.

D ‘Gemeng stellt dann den Acte de décès aus, suwéi d’Erlabnis fir den Verstuerwenen ze transportéieren an bäizesetzen.

5. Sinn domat d ‘Formalitéiten um Enn?

Neen, d ‘Ierwen mussen innerhalb vun 6 Méint eng Déclaratioun de Successioun um Enregistrement ofginn. An där Déclaratioun steet dran ween d ‘Ierwen sinn, op en Testament do ass, wat am Testament steet, an ween Ierwen wier wann keen Testament do wier.

Op Basis vun deem Dokument kuckt den Enregistrement op an wivill Ierfschaftssteier ze bezuelen ass, an d'Immobilien gin op di nei Propriétairen iwwerschriwwen.

6. Ween helleft engem esou en Dokument opzesetzen?

Wann et eng einfach Ierfschaft ass, daat heescht wann den Iwwerliewenden Conjoint an d’Kanner ierwen an och soß naischt Extraes an der Ierfschaft ass, dann kann een einfach op den Enregistrement zu Zéisseng goen an se do maachen. Et muss een een den Acte de Décès vun der Gemeng mathuelen.

Meeschtens ass et allerdéngs esou datt een direkt bei den Notaire geet. Deen freet um Enregistrement un op en Testament oder en Contrat de Mariage do ass, an preparéiert d ‘Déclaratioun. D ‘Ierwen mussen se ënnerschreiwen, an den Notaire schéckt se mam Acte de Décès op den Enregistrement. Wann een Ierwen ass, an net op d ‘Ierfschaft verzicht huet, muss een déi Déclaratioun maachen, egal wéivill een ierft.

7. Wat brauch een nach?

Et brauch een och en Acte de notoriété. Dat ass en Acte dee vum Notaire gemaach gëtt, an deem offiziell festgehal gëtt ween Ierwen ass.

Dëst Dokument gëtt zum Beispill vun de Banken gefrot fir dem Verstuerwenen seng Konten, déi jo automatesch bloquéiert ginn, erëm ze débloquéieren, an esou op d ‘Ierwen ze verdeelen.

Den Acte de Notoriété ass en offiziellen Beweis datt een Ierwen vun deem betreffenden Verstuerwenen ass an domat Propriétaire vun deem wat em verierft gouf.

A verschiddenen Fäll ass och nach en Acte de Partage néideg, wou präzis festgehal gëtt ween wéien Objet kritt. Esou en Acte gesäit een meeschtens an deenen Fäll wou d ‘Leit sech net esou einfach eens ginn.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu