Wann een un eng Ierfschaft denkt, huet een oft just d ‘Konten, d’Immobilien an eventuell nach d ‘Autoen am Kapp.
Et kann awer och sinn datt de Verstuerwenen mat an enger Gesellschaft dra war, sief et alleng Propriétaire vun engem Betrib oder eng Bedeelegung dran huet. Wat geschitt mat deenen Saachen ?
1. Gëtt et speziell Ierfschaftsregelen fir Gesellschaften ?
Neen, d’Basisregelen sinn déi selwecht, also déi di vum Code Civil gi sinn.
Dat heescht d’Ierschaftsfolleg ass di selwecht, wann also keen Testament do ass, ierwen d’Kanner an den Iwwerliewenden Conjoint a wa keng Kanner do sinn den Iwwerliewenden Conjoint alleng. Wann weder Kanner nach
Conjoint do ass dann ierwen d ‘Elteren an d ‘Geschwëster, respektiv d ‘Neveuen an d’Niècen vum Verstuerwenen.
Et kann ee saïn Ierwen per Testament festleeën, mä et kann ee seng Kanner net entierwen, jidder Kand huet e Recht op saï Minimum.
2. Wéi eng Ënnerscheeder muss een bei de Gesellschaften maachen ?
Et muss ee virun allem en Ënnerscheed maachen tëscht Aktien déi een an engem Betrib huet, wou et nach ganz vill aner Aktionäre ginn an wou dee Verstuerwenen wäit ewech war vun der Gestioun, an engem Familljebetrib.
Wann een Aktien an engem grousse Group huet, deen op der Bourse kotéiert ass, wou een Minoritaire ass, an sech eigentlech net em d ‘Gesellschaft këmmert ausser datt een heiansdo, wann ee Chance huet, Dividenden kritt, dann ass et am Prinzip net esou problematesch : da ginn d ‘Ierwen Propriétaire vun den Aktien, zesummen, oder d ‘Aktie ginn opgedeelt, a jiddereen kritt d ‘Dividenden proportional zu sengem Undeel an den Aktien.
Wann een awer en Familljebetrib huet, da gëtt et méi komplizéiert, well an deem Fall de Verstuerwenen de Betrib oft opgebaut oder weidergefeiert huet, d ‘Majoritéit huet, oder souguer alleng Propriétaire ass, an ganz no bei der Gestioun, sech also selwer oft em dat Dagdeeglecht vun der Gesellschaft këmmert.
3. Wat sinn d ‘Risiken wann et sech em e Familljebetrib handelt ?
Bei engem Familljebetrib ass et jo esou datt en normalerweis vun enger Generatioun un déi aner weidergeet, an datt d ‘Propriétairen sech selwer och em hier Firma këmmeren, oder wéinstens ganz vun no suivéieren.
Wann een dann e Propriétaire huet, deen seng Successioun net virbereet huet, sief et well en onerwaart gestuerwen ass, éier en Zäit hat sech drëm ze këmmeren oder sech einfach den Risiken net bewosst war, an sech dofir keng Gedanken driwwer gemaach huet, dann kann et sinn datt en an Situatiounen kennt wou de ganze Betrib am Stierffall bloquéiert ass.
Et kann da virkommen datt sech eng ganz Rei Ierwen op eemol zesummen an enger Successioun fannen wou e Betrib dran ass an wou se sech awer net eens ginn op a wéi dee Betrib elo soll weidergoen, op e soll verkaf ginn, oder ween e soll féieren.
Wann dann de Verstuerwenen och nach all saï Verméigen an daer Gesellschaft dran hat, also zum Beispill seng Immobilien a seng Autoen mat der Gesellschaft kaf huet, da gëtt et gegebenefalls schwéier fir een Ierwen
Aus ze bezuelen deen net drun interesséiert ass an der Gesellschaft dran ze bleiwen.
4. A wann de Verstuerwenen och nach den Haaptverwalter vun der Gesellschaft war ?
An deem Fall gëtt et nach méi komplizéiert, well dann muss en neien Verwalter genannt ginn. Wann et ee gëtt deen de Betrib kennt a kann iwwerhuelen, an och d’Qualificatiounen dofir huet, dann kennt een iwwert d ‘Ronnen. Wann daer awer keen do ass, dann kann et sinn datt de Betrib bloquéiert ass.
Et ass jo och esou datt een hei zu Lëtzebuerg eng Handelsermächtegung brauch fir datt e Betrib däerf schaffen.
Wann den Verstuerwenen dee war deen déi hat, dann huet d ‘Gesellschaft 6 Méint Zäit fir eng nei unzefroen, an da brauch een eben en Administrateur / Gérant, deen d ‘Konditiounen erfëllt.
5. Huet d ‘Gesellschaftsrecht och nach en Afloss op d ‘Méiglechkeet fir ze ierwen ?
Jee no Gesellschaftsform kann d ‘Akzeptéieren vun dengem Associé vun deenen aneren eng Konditioun sinn.
Et muss een op allefall ëmmer d ‘Statute vun de Gesellschafte kucken : et ass méiglech fir an de Statuten virzegesinn datt, wann méi Associéen an der Gesellschaft sinn, déi nei mussen akzeptéiert ginn. Wann se net akzeptéiert ginn kréien se hier Part am Prinzip ofkaaft.
6. Wéi kann ee sech op esou eng Ierfschaft virbereeden?
Dat Wichtegst ass seng eege Situatioun ze analyséieren, zur Zäit unzefänken ze plangen, ze kucken ween de Betrib wëllt iwwerhuelen, wa méiglech e Privat Verméigen opbauen wat et erlaabt déi di net mat wëllen an d ‘Firma goen auszebezuelen, an eventuell schonn zu Liefzäiten eng Opdeelung virzegesinn, sief et per Donation-Partage oder per Testament-partage.
Mir wäerten nach zu engem spéideren Zäitpunkt méi am Detail op déi verschidden Méiglechkeeten ze plangen zréckkommen.
Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu