AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1. Wéi kann een d'Weiderginn vun engem Familljebetrib am Beschten preparéieren?

Dat Wichtegst ass schonn mol datt ee sech d ‘Fro zur Zäit stellt wéi et soll weidergoen wann een ewechfält. Wann eng Persoun ganz aktiv am Betrib matschafft, geet et jo net duer ze klären ween herno Propriétaire vun den Aktien gëtt, mä och ween de Betrib kann an och wëllt weiderféieren. Verschidden Situatiounen kennen optrieden: et ka sinn datt all d ‘Kanner wëllen aktiv an de Betrib eraklammen, oder nëmmen en Deel vun den Kanner, oder guer keen. Jee nodeem wéi et sech erausstellt muss een anescht plangen.

Am Idealfall ass et jo sou datt ee saïn Successeur schonn opbaut während een nach selwer aktiv ass, an esou en propperen Iwwergaang kritt. Dee Moment kënnt d ‘Persoun déi norutscht den Betrib an d ‘Leit schonn, weess wéi Villes fonctionnéiert, huet déi néideg Formatiounen, Erfahrungen, an deemno wéi och Posten schonn während enger Zäit éier et esou wäit ass, an et kennt net zu engem Lach um Moment vum Dout.

Dat setzt natierlech viraus datt deen deen de Betrib weidergëtt bereet ass lasszeloossen, an deen neien Stéck fir Stéck un d ‘Rudder léisst, wat net jidderengem liicht fält.

2. Wou kommen dann an deem Fall d'Komplikatiounen hier?

Komplizéiert gëtt et wann der e puer sinn déi de Betrib wëllen iwwerhuelen an se sech awer net eens ginn wéi se sech et opdeelen, oder net di selwecht Visioune fir d ‘Zukunft vum Betrib hunn.

Oder awer wann nëmmen een oder en Deel vun den Ierwe wëllen an de Betrib eraklammen, an di aner wëllen ausbezuelt ginn, well se net wëllen an Indivisioun mat deenen aneren bleiwen. Da kann et sinn datt en Deel vum Betrib muss verkaf ginn, oder souguer den ganzen Betrib, wann et net méiglech ass fir en ze trennen.

3. Kann een dann net engem deen an de Betrib eraklëmmt de Betrib per Testament vermaachen, fir ze verhënneren datt muss gedeelt ginn?

Dach, mä am Fall vun de Kanner ass et jo esou datt jiddereen en Minimum vum Wäert vun der gesamter Ierfschaft zegutt huet (1/2, wann een 1 Kand huet, 1/3, wann een der 2 huet, oder 1/4, wann een der 3 huet, kennen goen un ween den Verstuerwenen wëllt, de Rescht muss gerecht op d ‘Kanner opgedeelt ginn). Wann also een d ‘Firma ierft, an wann doduerch näischt méi do ass fir di aner Kanner, oder net genuch fir den Minimum deen all Kand zegutt huet un déi respektiv Kanner ze verdeelen, dann muss dat wat deen per Testament kritt huet reduzéiert ginn, an an deem Fall misst deen deen de Betrib soll kréien déi aner ausbezuelen. Wann e genuch Suen dofir huet ass dat natierlech kee Problem, mä wann en keng Méiglechkeet huet fir di aner auszebezuelen dann huet en e Problem.

4. An wann een zu engem gewëssenen Moment deem schonn am Viraus eng Schenkung mécht vun den Aktien vum Betrib?

Och bei der Schenkung ass et esou datt herno gekuckt gëtt wee schonn alles eng Schenkung kritt huet, an ob déi Schenkung par preciput et hors part, avec dispense de rapport gemaach ginn ass, also zousätzlech zum Pflicht Deel, oder en avance d'hoirie, also sou datt een et direkt kritt mä datt dat een awer herno net méi soll kréien wéi déi aner, an op dann deen Deel deen e kritt huet och net méi héich war wéi dat wat een zegutt huet.

Et ass och dobäi Wichteg ze ënnersträichen, datt de Wäert dee gekuckt ass am Prinzip deen ass um Dag vum Dout, awer am Zoustand vum Dag vun der Schenkung.

Och do kann et also sinn datt een di aner muss ausbezuelen.

5. Gëtt et dann eng Méiglechkeet fir déi Problemer all ze ëmgoen ?

Di bescht Methode wier déi fir iwwert eng Donation-Partage ze fueren, an zwar eng wou zu engem bestëmmten Zäitpunkt all d ‘Kanner eppes kréien wat och de selwechten Wäert huet a wou och all d ‘Kanner deen Acte mat ënnerschreiwen.

Dat ass di sécherst Methode fir ze garantéieren datt deeën deen den Betrib soll kréien en och kritt a ka behalen an net nach muss sengen Geschwëster enorme Soulten bezuelen an riskéiert mussen ze verkafen well en d ‘Suen dofir net huet.

Mir wäerten och zu engem spéiden Zäitpunkt nach méi am Detail op d’Donation-partage agoen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu