AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1) Wéi laang muss en Dokter den Dossier vum Patient versuergen?
10 Joer ab dem Dag wou d’Prise en charge eriwwer ass, daat heescht also am Fall vun engem Verstuerwenen héchstens 10 Joer ab dem Dout.

2) Kann en aneren wéi den Patient selwer den Dossier kréien oder gëtt den Patienten Dossier vun engem Verstuerwenen ënner Verschloss gehal?
Vum Gesetz hier hu folgend Persounen e Recht den Dossier unzefroen:

  • Vertrauenspersounen déi vum Patient ausgewielt goufen
  • Mann, respektiv Fra, wann se net getrennt gelieft hunn um Moment vum Dout
  • volljähreg Kanner
  • Rechts Nofolger 
  • den Partner (Pacs)
  • all Persoun déi mam Verstuerwenen um Moment vum Dout an enger Liewensgemeinschaft gelieft huet
  • Beim Dout vun engem Mannerjäregen: déi Persounen déi d’Suergerecht haten

3) Wat kritt een do genau?
Wann déi Persounen den Dossier ufroen kréien se eng Kopie vum Dossier vum verstuerwenen Patient.

An deem Dossier mussen di medezinesch Daten drastoen, also d’Anamnese, d’Berichter vum Dokter a vum Fleegepersonal, d’Protokoller vun der Ënnersichung, d’Röntgebiller, d’Medikamenter an Traitementer déi verschriwwe goufen, sou wéi all aner Ënnerlagen déi wichteg fir d ‘Behandlung an de Gesondheetszoustand vum Patient sinn.

Wann eng Ännerung oder Vervollstännegung am Dossier virgeholl gëtt, da muss dat propper dokumentéiert ginn. Et geet also net datt einfach eppes ewech gemaach gëtt an een net méi gesäit datt eppes geännert oder bäigesat ginn ass.

4) Gin et dann och Informatiounen an dem Patienten Dossier déi een net kritt?Di als « reng perséinlech » bezeechent Notizen vum Dokter mussen net weidergi ginn.

Dat sinn Informatiounen déi net direkt mam Gesondheetszoustand vum Patient zesummenhänken, mä nëmmen subjektiv Iwwerleeungen, Andréck vum Dokter sinn. Et ass natierlech net ëmmer einfach fir do d’Grenz ze zéien.

Informatiounen déi vun Drëttpersounen kommen an weder d’Behandlung nach d’Continuitéit vun enger Behandlung betreffen, an Donnéeën déi eventuell Drëttpersounen betreffen ginn net weiderginn.

5) Muss een eng gutt Ursaach hu fir kennen en Dossier unzefroen? 
D’Gesetz gesäit vir datt een den Dossier kann ufroen fir:

  • di genau Doudesursaach gewuer ze ginn
  • d’Undenken un den Verstuerwenen ze wahren
  • berechtegt Uspréch geltend ze maachen

Wann de Verstuerwenen mannerjäreg war kann d’Kopie vum Dossier gefrot ginn, ouni datt ee muss eng Ursaach uginn firwat datt een den Dossier well gesinn.

6) Wat kann ee maachen wann een den Dossier net erauskritt?

D’Gesetz huet en « Service national d’information et de médiation dans le domaine de la santé » gegrënnt déi een am Fall vun engem Sträit am medezineschen Beräich kann kontaktéieren. Wann d’Parteien d’accord si gëtt dann iwwert de Wee vun der Mediatioun probéiert en Arrangement ze fannen. Dee Service kann sech all déi Donnéeën ufroen déi en brauch fir seng Missioun ze erfëllen.

Den Médiateur ka scho virun der formeller Mediatioun eng informell Réunioun tëscht den Parteien proposéieren, wou iwwert den Problem diskutéiert gëtt. Den Patient kann sech do och begleeden loossen.

Di nächst Etappe ass dann di formell Mediatioun. Am Kader vun enger Mediatioun kann een sech natierlech och vun engem Rechtsbaistand begleeden an ënnerstëtzen loossen.

Wann näischt bei der Mediatioun erauskënnt, oder een sech net eensget iwwert eng Mediatioun ze fueren, muss een am schlëmmste Fall iwwert d’Geriicht fueren fir den Dossier ze kréien.

7) An wann den Patient net well datt een no sengem Dout saïn Dossier gesäit ? 

Et kann een zu Liefzäit schrëftlech festhalen datt een net well datt engem saïn Dossier zougänglech gemaach gëtt.

An deem Fall gëtt den Wëllen vun dem Verstuerwenen respektéiert, an den Dokter refuséiert den Dossier erauszeginn. Mä wierklech nëmmen an deem Fall wou dat den ausdrécklechen schrëftlechen Wonsch vum Patient war.

Et kann een natierlech och just verschidden Leit ausschléissen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu