Dat kennt sécherlech zum Deel dohier, datt et zu Lëtzebuerg ëmmer esou war datt di meescht Leit probéiert hunn fir Propriétaire ze ginn vun deem Haus oder Appartement wou se wunnen.

Déi Tendenz huet iwwert di lescht Joren geännert, an et ginn ëmmer méi Leit déi mussen lounen. Wat geschitt dann elo wann an deem Kontext ee stierft?


1. Den Propriétaire ass gestuerwen, wat geschitt elo mam Bail?

Den Bail hält net op, och wann den Propriétaire gestuerwen ass. Den Locataire brauch also net ze fäerten datt en direkt eraus muss, och wann den Propriétaire gestuerwen ass.


2. A wee kritt de Loyer dann?

Den Loyer gehéiert ab elo den Ierwen. Am beschte huet een et iwwerweist een de Loyer ob dee Kont wou een en ëmmer drop iwwerwisen huet, bis datt d ‘Ierfschaft gekläert ass.


3. An wann d ‘Ierwen d’Haus verkafen?

De Verkaf vun engem Haus ass kee valabelen Grond fir en Locataire erauszesetzen. Et gëtt nëmmen 3 wierklech Grënn fir kennen en Contrat de Bail ze kënnegen:

Eege Bedarf oder wann de Locataire seng Pflichten verletzt huet (zum Beispill den Loyer net bezilt, etc) oder soss ganz seriös rechtméisseg Grënn déi et verhënneren datt de Bail ka verlängert ginn (zum Beispill wann d’Haus misst renovéiert ginn well et riskéiert zesummen ze falen).


4. An wat geschitt wann den Locataire stierft?

Den Artikel 1742 vum Code civil seet kloer, datt en Bail net ophëlt wann deen dee Verlount oder deen dee Lount stierft. D’Gesetz vun 2006 gesäit awer a sengem Artikel 13 eng ganz wichteg Ausnam vir:

Wann de Locataire saïn Wunnsëtz verléisst oder stierft leeft den Bail ënner folgenden Konditiounen virun:

– zugonschten vum Mann / Fra (bestued) oder dem Partner (Pacs) deen mat dem Verstuerwenen do zesummen gewunnt huet

– zugonschten vun den Nokommen oder Virfahren oder Liewenspartner di mat dem Verstuerwenen wéinstens zënter 6 Méint zesummen gewunnt hunn, an och op der Gemeng do ugemellt waren.


5. A wann de Locataire eleng gelieft huet?

Wann keng Persounen do sinn déi déi Konditiounen erfëllen ass de Kontrakt automatesch opgeléisst.

6. Ma wat geschitt dann mat sengen Saachen?

Et ass an der Praxis natierlech esou datt et ka sinn datt eng gewëssen Zäit vergeet bis datt d’Haus oder d ‘Appartement eidel gemaach gëtt.

De Kontrakt ass jo an deem Fall automatesch opgeléist, an et schwätzt een dann vun enger Occupation sans droit ni titre, amfong e Squatteur. Et bloquéiert een also eng Immobilie op wuel een keen Kontrakt huet an och kee Recht fir do ze sinn. Während daer Zäit muss een eng Indemnité d’occupation bezuelen, et ass also net esou datt een einfach alles kann do stoen loossen an ofwaarden. Daat ass haaptsächlech dann problematesch wann d’Ierwen, déi sech missten dorëms këmmeren, sech net eens sinn, oder wann eventuell keng Ierwen do sinn, oder net direkt fonnt gin.


7. Dat heescht dann ass de Propriétaire geplot?

Jo, well dann stinn jo nach ëmmer d ‘Saachen vum Verstuerwenen do, ënner anerem seng Wäertsaachen, an e kann dat jo net einfach ewechgeheien.

De Propriétaire soll op allefalls probéieren mat den Ierwen ze schwätzen, wann keng Diskussiounsméiglechkeet do ass e Bréif ze maachen, wou een se opfuerdert fir d’Saachen ewechzehuelen, bis zu engem gewëssenen Datum, an hinnen soen datt d’Saachen dono an en Dépôt kommen, op hier Käschten.

Da wär et och unzeroden mat Zeien, am beschten mat engem Dierwiechter op d’Plaaz ze goen, an en Inventar ze maachen, wat genau do ass, datt net herno ee ka reklaméieren kommen et géif eppes feelen.

Mä et ass an sou enger Situatioun ëmmer Fall fir Fall ze kucken wat di beschte Léisung ass, et soll een sech do op allefalls am Viraus beroden loossen, net datt een herno Schwieregkeete kritt.

Nathalie Weber-Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu