AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Wat ass da genau eng Schenkung, an ob wat muss een do oppassen ?  A wat sinn d’Konsequenzen am Kader vun enger Ierfschaft ? Op déi an nach aner Froen wäerten mer an den nächste Rubriken agoen.

1) Sinn d’Schenkungen duerch d’Gesetz geregelt ?

Jo. De Régime vun de Schenkungen ass nach ëmmer plus minus dee selwechten wéi 1804 .

D’Jurisprudenz, also d’Interpretatioun vun de Gesetzer vum Geriicht huet gehollef fir dat Ganzt méi kloer ze maachen, an och un déi moderniséiert Gesetzer a Regelen unzepassen, an deenen Fäll wou eng Kontradictioun tëscht zwee Gesetzestexter opgetaucht ass.

2) Firwat gëtt et iwwerhaapt Gesetzer betreffend d’Schenkungen ?

D’Iddi vum Gesetz ass fir deen deen eppes schenkt, souwéi och seng Famill an seng Créancier s ze schützen. D’Regelen sinn dofir do, sécher ze stellen, datt deen dee schenkt weess wat e mécht, net ënner Drock eppes verschenkt, net op déi Manéier seng Kanner endierft an och net duerch eng Schenkung näischt méi huet fir seng Scholden ze bezuelen, wann en d’Schenkung just gemaach huet fir eben ze verhënneren datt seng Créancier s eppes kréien.

3) Mä wat ass iwwerhaapt eng Schenkung ?

A priori huet jiddereen eng Basis Iddi wat eng Schenkung ass : et gëtt een engem aneren eppes, wat engem also dono net méi gehéiert.

Mä rechtlech gesinn ass dat Ganzt awer, natierlech, e bësse méi komplizéiert.

Eng Schenkung huet verschiddenen Charakteristiken :

- Et ass en Kontrakt, well deen dee schenkt muss deem aneren wëllen eppes ginn wat him gehéiert, an deen deen en kritt muss déi Schenkung unhuelen, soss kennt d’Schenkung net zustan.

- Et ass en Acte deen « à titre gratuit » gemaach gëtt, well deen dee schenkt eppes gëtt ouni eng Géigeleeschtung ze fuerderen, op mannst net eppes Gläichwäerteges.

- An et ass en Acte deen mécht datt d’Propriétéit vun eppes vun engem op en aneren iwwergeet, et muss also eng Saach sinn op déi ee kann e Wäert setzen.

- De Basisprinzip ass och datt fir eng Schenkung muss en Acte virum Notaire gemaach ginn. Do ginn et awer Ausnamen.

- An am Prinzip kann een eng Schenkung net réckgängeg maachen.

Mer kommen méi spéit nach méi am Detail op di verschidden Punkten zeréck.

4) Kann eng Schenkung awer mat enger Géigeleeschtung verbonnen sinn ?

Jo. Et schwätzt een an deem Fall vun enger « Charge ».

Dat kann Villes sinn, et gesäit een et oft am Fall wou zum Beispill eng Immobilie geschenkt gëtt, ënnert der Conditioun datt deen deen se geschenkt kritt sech bis zum Liewenssënn em deen këmmert deen d’Schenkung gemaach huet, en bei sech wunnen léisst, e fleegt etc.

5) Kann een engem eppes schenken a festhalen weem deen et muss weiderginn ?

Do muss ee ganz gutt op d ‘Ëmstänn oppassen.

Jee nodeem wat een do virgesäit gëtt dat als verbueden Klausel ugesinn, an di ganz Schenkung kann doduerch null a nichteg ginn. Et kann een awer natierlech ëmmer e Wonsch äusseren, mä et däerf keng obligatoresch Konditioun fir d’Schenkung ginn.

Et ass awer méiglech zum Beispill sengen Kanner eppes ze schenken a festzehalen datt si et un hier Kanner musse weiderginn.

Wann een esou eng « Substitutioun » wéi dat genannt gëtt wëlles huet, soll een sech gutt beroden loossen wat een däerf a wat net.

6) Muss all Schenkung ëmmer per Notairesact gemaach ginn ? 

De Prinzip ass deen datt esou en Acte muss gemaach ginn. Et ginn awer 3 Ausnamen :

  1. Den « Don manuel » : wann een also eppes einfach an de Grapp kritt, wéi een esou schéi seet
  2. D’  « Donation déguisée » : dat ass wann en Acte gemaach gëtt deen a priori net gratis ass, zum Beispill eng Vente, mä de Präis gëtt ni bezuelt
  3. D’ « Donation indirecte » : zum Beispill wann een engem eng Schold erléist, oder wann een vun enger Persoun misst Suen kréien, an zu där seet se soll se direkt un en aneren ginn.

Mer kommen nach op déi Verschiddenen Zorten vu Schenkung zréck.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu