AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

...mä datt et awer an der Praxis Ausnamen gëtt déi och valabel sinn ouni sou en Notairesacte, an och vun de Geriichter akzeptéiert ginn.

Haut kucke mer méi am Detail wat et mam « Don manuel » op sech huet.

1) Wat kann een per Don manuel verschenken ?

Fir datt ee vun engem Don manuel ka schwätzen muss et sech em en « effet mobilier » handelen, eppes wat een deem aneren kann an d’Hand ginn.

2) Wat kann dann zum Beispill net per « Don manuel » weider gi ginn ?

Alles wat een engem net kann an de Grapp drécken, am wäite Sënn vum Wuert.

Zum Beispill kann een op déi Manéier näischt weider ginn wat engem net ganz gehéiert, mä wat e puer Leit zesummen gehéiert. Et kann een nëmmen eppes op déi Manéier verschenken wann een alleng Propriétaire ass.

Et kann een och net einfach eppes op déi Manéier verschenken, wann d’Gesetz virgesäit datt een verschidden Formalitéiten erfëllt : en Fliger oder e Schëff zum Beispill kann een engem net op déi Manéier « ginn », well an deem Fall verlaangt d’Gesetz en Notairesacte.

Och e Brevet, en droit d’auteur, e Spuerkont oder eng Fuerderung (Créance) kennen net einfach un en aneren weidergi ginn : et mussen an deenen Fäll Formalitéiten respektéiert ginn fir d’Propriétéit ze iwwerdroen, an domat ass een dann net méi am  Fall vun engem Don manuel.

3) Wéi mécht een en Don manuel ?

Fir datt ee kann vun engem Don manuel schwätzen musse en engem reell eppes vun der Hand an d’Hand ginn. Wann dat net geschitt kann een net vun engem Don manuel schwätzen.

Nëmmen d’Accord sinn fir ze ginn an ze kréien geet net duer, den Don manuel kennt nëmmen zustan wann de physeschen Acte vum ginn geschitt ass.

4) Wéien Moment kann een dann soen datt déi Donatioun zustan kennt ?

Eng Donatioun kann nëmmen zustan kommen wann deen dee wëll eppes ginn nach lieft, well deen een muss wëllen ginn, an deen aneren dat unhuelen, an dat zum nämmlechten Moment. An dat geet natierlech nëmmen wann een nach lieft.

5) Kann eng Drëttpersoun eppes fir een weider ginn ?

De Prinzip ass datt keng Drëttpersoun kann en Don manuel fir en aneren ausféieren.

Ausnam : wann ka beluecht ginn, datt den Donateur, also deen dee wollt ginn, der Drëttpersoun Mandat ginn hat fir där anerer Persoun déi Saach ze ginn.

E Mandat erläscht automatesch wann ee stierft : wann d’Drëttpersoun also d’Mandat net ausgefouert huet éier den Donateur stierft, mä réischt dono, dann mussen déi Dons zréck un d’Ierwen goen.

6) Wéi musse en sech dat virstellen ?

Ma zum Beispill wann een e Virement gemaach huet ass de Banquier d’Drëttpersoun déi  Mandat kritt huet fir d’Suen op de Kont vum Donataire ze setzen.

An den Donataire, deen se kritt, muss kennen fräi iwwert déi Suen verfügen – e Virement op en Kont-Prêt kann deemno net als Don manuel considéréiert ginn (awer vläicht als « Donation indirecte » – mer kommen méi spéit dorop zréck).

7) Wéi kann den Donateur (oder seng Ierwen) e Beweis bréngen ?

D’Basis zivil rechtlech Regelen applizéieren sech och hei : wann de Wäert vun deem wat ech kritt hunn méi grouss ass wéi 2.500.- Euro, dann muss en schrëftlechen Beweis, säitens der anerer Partei, virleien datt et en Don manuel war, op mannst en Ufank vu Beweis, an dat kann een dann mat Zeienaussoen an Présomptiounen ergänzt ginn.

Et geet net duer ze beweisen datt een e gewëssen Objet kritt huet ; et musse en beweisen kënnen datt en Donatiounkontrakt zustan komm ass.

E Schrëftstéck wier also unzeroden, mä an der Praxis gëtt dat seele gemaach.

8) An wann et d’Ierwen, nom Dout vum Donateur eng Prozedur aleeden ?

Wann d’Kanner wëllen eng Aktioun aleeden fir datt den Don manuel reduzéiert gëtt, well hier Réserve ugegraff ginn ass, dann ass dat eng Actioun wëll déi Ierwen en « Droit propre » hunn, also e Recht wat hinnen perséinlech gehéiert  : déi Ierwen kënnen all Zorten Beweiser bréngen.

Wann aner Ierwen eng Actioun « en rapport » maachen, also fir datt Saachen rëm zréck an d’Ierfmass musse bruecht ginn, ass den Terrain sech net ëmmer eens op et en droit propre ass, oder en Recht wat eigentlech dem Donateur gehéiert hätt….

A wann eng Actioun gemaach gëtt fir sou een Don ze widderruffen oder ze annuléieren, well een der Meenung ass datt den Donateur net wousst wat e géif maachen, oder forcéiert ginn ass, dann ass dat e Recht wat eigentlech dem verstuerwenen Donateur säi war : an deem Fall mussen d’Ierwen sech un déi Beweiser halen déi och den Donateur hätt kënne bréngen wann hien säi Recht ageklot hätt.

9) Muss dann deen dee kritt huet nie beweisen datt et wierklech eng Schenkung war ?

Den Code civil seet kloer : « En fait de meubles, la possession vaut titre. » Dat heescht et geet een dovun aus, datt d’Saach deem gehéiert deen se a sengem Besetz huet.

Déi di se zréck verlaangen mussen also probéieren déi Présomptioun ëmzegeheien, andeems se beweisen, datt et zum Beispill nëmmen geléint war, oder een se nëmmen versuergen sollt, oder datt deen se réischt nom Dout vum initialement Besëtzer kritt huet, oder wann een probéiert huet ze verstoppen datt een déi Saach huet, oder wann een zum Beispill mat deem zesummen gewunnt huet deen se anscheinend verschenkt huet. Dee Beweis kann mat alle Mëttelen bruecht ginn : eppes Schrëftleches, Zeienaussoen, oder och d’Emstänn etc

Wann ee vun deenen Beweiser bruecht gouf, dann ass et un deem deen d’Saach a sengem Besetz huet, fir ze beweisen datt en se wierklech als Don manuel kritt huet.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu