AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

also vum der Schenkung wou een engem en Objet physesch gëtt, an där Persoun doduerch d ‘Propriétéit iwwerdréit, wann se dann akzeptéiert.

Et gëtt awer nach aner Manéieren fir engem eng Schenkung ze maachen, an zwar d’Donation indirecte an d’Donation déguisée.

1.    Wat ass eng Donation indirecte ?

En Donation indirecte ass eng Donatioun déi ënner Form vun engem Acte juridique gemaach gëtt mä déi keen Donatiounskontrakt ass.

Et ass eng richteg Schenkung, mä den Akte deen gemaach gëtt ass awer en aneren.

Et gëtt also op indirektem Wee eng Schenkung gemaach.

2.    An esou eng indirekt Donatioun ass valabel ?

Jo, och wann d’Konditiounen vum Artikel 931 fir d’Schenkungen net respektéiert sinn, huet d’Jurisprudenz décidéiert  datt se valabel ass.

3.    Wat sinn dann d’Konditiounen fir datt et valabel ass ?

Et muss een d’Konditiounen erfëllen déi vun deem Acte verlaangt sin deen een benotzt. Sierf et wat d’Forme oder de Fong betrefft.

4.    Wéi eng Akten kennen dann eng Donation indirecte sinn ?

a) Et verzicht een op e Recht wouduerch engem aneren dann eppes zegudd kennt

Dat gëtt als Donation indirecte ugesinn wann een drop verzicht fir datt deen aneren eppes dovun huet. E groussen Ënnerscheed ass hei datt, am Géigensaatz zu deem wat vum Gesetz verlaangt ass fir datt eng Donatioun zustan kennt, een hei keng Acceptatioun vun deem dee kritt brauch.

Als Beispill kann een zum Beispill eng Persoun ginn déi op hiren Widdem verzicht, wouduerch den Nue-Propriétaire, plein-propriétaire get, also vollen Eegentümer  Oder en Ierwen deen op seng Deel verzicht fir dat säin Co-Ierwem méi kritt.

b)    Et erléist een engem eng Schold

Hei handelt et sech juristesch gesinn awer em e Kontrakt, dat heescht deen deem seng Schold erlooss gëtt, muss dat och unhuelen. Sou laang en dat net ausdrécklech gemaach huet, kann de Créancier seng Offer nach zreckzéien. Hei ass et also wichteg e Beweis ze kréien datt en akzeptéiert huet.

Et kann een zum Beispill engem och eng Reconnaissance de dette déi deen ënnerschriwwen hat zréckginn.

c)    An engem Kontrakt mat enger anerer Persoun, setzt een eng Drëttpersoun, déi net am Kontrakt dran ass als Emfänger, tiers-bénéficiaire, an.

Daat kann bei enger Assurance sinn, zum Beispill eng Liewensversécherung. Oder awer am Fall vun engem Verkaf seet een dem Ukeefer e misst de Präis un eng Drëttpersoun bezuelen.

Och hei ass et esou datt soulaang den Tiers-Bénéficiaire net akzeptéiert huet, d’Donatioun net zustan kennt, an d’Offer kann zréckgezunn ginn.

d)    Et iwwerschreift een nominatif Aktien op en aneren

An dësem Fall ginn d’Titren direkt am Aktiebuch op den Numm vum Empfänger iwwerschriwwen. Hei brauch een och entweder eng ausdrécklech oder implizit Akzeptatioun, virum Dout vum Donateur, fir datt d’Donatioun zustan kennt.

e)    Et verkeeft een engem eppes ënnert dem Präis deen eng Drëttpersoun dofir bezuelt hätt

Alles dat si Beispiller vun enger Donation indirecte, mä di Lescht ass natierlech net komplett.

5.    An da gëtt et nach d’Donation déguisée ?

Jo, dat ass eng Schenkung wou een eng Acte « vir täuscht »  deen anscheinend net gratis ass, offiziell existéiert, an dann en inoffiziellen Akt gemaach gëtt wou dat dra virgesinn ass wat d’Leit wierklech vir hunn. Di zwee Akten ginn gläichzäiteg ënnerschriwwen.

6.    Wat kann dat fir en Akte sinn ?

Dat kann zum Beispill eng Vente sinn, wou den « Verkeefer » bestätegt den Präis bezuelt kritt ze hunn, obwuel dat net de Fall ass.

Oder eng Reconnaissance de dette déi een ënnerschreift, obwuel een eigentlech keng Schold huet.

7.    A firwat mécht een dat ?

Dacks gëtt et gemaach fir datt d’Ierwen näischt vun daer Schenkung gewuer ginn an also och keen Rapport oder keng Réductioun nom Dout froen.

8.    An dat ass valabel ?

Jo, d’Geriicht huet entscheet, datt sou eng Donatioun valabel ass wann se un eng Persoun gemaach gouf, déi och eng « normal » Schenkung hätt kennen kréien, also net « incapable » am Sënn vum Gesetz ass fir eng Schenkung unzehuelen.

An natierlech musse et den Uschain hunn, datt et sech net em e gratis Acte handelt, an  d’Konditiounen fir datt den offiziellen Akt kann zustan kommen mussen respektéiert ginn, genau sou wéi d’Conditounen um Fong vun der Schenkung (also net un en « incapable », an och keen Acte deen een erëm kéint zreckzéien, well eng Donatioun ass jo irrévocable). Soss ass se Null und Nichtig.

Wann de Beweis virläit datt et sech em eng Simulatioun, eng Tarnung handelt, dann spillen awer d’Reegelen vum Zréckbréngen vun den Schenkungen an d ‘Ierfschaft, an d’Quotité disponibel erëm, also di normal Regelen vun der Schenkung.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu