... den Don per Notairesakt, den Don manuel, d’Donation indirecte, d’Donation déguisée. Et get awer nach weider Formen vun Schenkung, enner anerem d’Donation-Partage.

1)    Waat ass d’Donation- Partage?

D’Donation- Partage ass eng Méiglechkeet fir d’Elteren oder d’Grousselteren fir zu Liefzaiten schon hier Propriétéit oder en Deel dovun op hier Nokommen opzedeelen.

2)    Get daat vill hei zu Letzebuerg benotzt ?

Nee, et gesait een et haaptsächlech am Landwirtschaftsberaich, wann zum Beispill eent vun de Kanner den Betriib iwwerhellt, an d’Elteren wellen secher sin datt deen och daat néidegt Land huet fir den Betriib kennen weider ze féieren.

Et kann awer duerchaus och an aneren Fäll netzlech sin fir sou eng Donation-Partage ze maachen fir Diskussiounen tescht de Kanner um Dag vum Dout ze verhenneren.

Et muss een sech natiirlech bewosst sin datt et och hei esou ass datt deen dee schenkt ab dem Dag vun der Donation-Partage net mi Propriétaire vun deenen Objets ass.

Jo, mee awer net nemmen : Et ass haaptsächlech en Partage, also eng Opdeelung, mais huet awer och verschidden Aspekter vun enger Schenkung.

Eng Donation-Partage ass waat een nennt en « Pacte sur succession future ». Am Prinzip ass sou en Acte hei zu Letzebuerg net erlaabt, ausser an deem Fall wou en eben vum Gesetz fiergesin ass, waat de Fall ass bei der Donation-Partage.

Eng Donation-Partage kann nemmen mam Averständnis vun den Concernéierten gemaach gin, well wéi och bei all anerer Schenkung muss deen dee kritt et och unhuelen fir datt d’Schenkun zestan kennt.

4)    Wee kann esou en Acte maachen ?

Deen Acte ass nemmen méiglech am enken Familljekrees, tescht Elteren, Grousselteren an Kanner, Enkelkanner. etc, also nemmen en ligne directe. An d’Elteren kennen deen Acte och zesummen maachen fir d’Kanner, et muss net jiddereen seng egen Donation-Partage maachen.

5)    Waat kann een an den Acte drasetzen ?

Et kann een nemmen Objets an deen Acte drasetzen déi dee Moment wou een den Acte mecht och existéieren an e engem sengem Besetz sin.

Et kann een all seng Biens drasetzen, nemmen en Deel dovun, oder och nemmen eng eenzech Saach, ganz wéi een wellt.

6)    Kennen d’Kanner esou eng Donation-Partage forcéieren ?

Nee, et bleift een emmer frai esou en Acte ze maachen oder eben och net.

7)    Muss all Kand eppes am Kader vun der Donation-Partage kréien ?

Nee, et muss net all Kand eppes kréien, an wann all Kand eppes kritt muss och net jiddereen d’selwecht vill kréien.

Mä wann een esou eng Donation-Partage mecht fir spéiderhin Diskussiounen an Strait tescht de Kanner ze évitéieren, dann huet een awer besser et équilibréiert ze maachen, well soss och de Risiko vill méi grouss ass datt net jiddereen mat ennerschreift.

8)    A wann e Kand schon vierdrun eng Schenkung kritt huet ?

Et kann een, muss awer net, eng Schenkung déi schon fierdrun gemaach gin ass, mat an d’Donation-Partage dobaisetzen. Daat Kand waat esou eng Schenkung kritt huet muss awer domat averstan sin, well soss kéint e Kand sech jo nie secher sin datt di fréier Schenkung wiirklech définitif war.

En Vierdeel wou esou engem erabrengen an d’Donation-Partage vun eppes waat ee scho mi fréi kritt huet, ass d’Secherheet déi en huet waat d’Valeur betrefft vun der Schenkung, well dann fir alles, am Prinzip, d’Valeur um Dag vun der Donation-Partage festgehaal get, an dann net beim Dout erem d’Valeur a Fro gestallt ka gin.

9)    Kann een op eng Donation-Partage zreckkommen ?

Nee, am Prinzip net : et ass op deem Punkt eng richteg Schenkung, déi een net kann zreckzéien.

10) Muss déi Donation-Partage dann an d’Ierfschaft zreckbruecht gin ?

Nee, et get keen Rapport um Moment vum Dout gemach, et muss een d’Schenkung also net zreckbrengen an d’Ierfschaft.

Och wann een d’Ierfschaft herno net géif unhuelen kann een daat waat een iwwert d’Donation-Partage kritt huet haalen, et kann awer gegebenenfalls sin datt dann eng Réduction muss gemaach gin wann d’Quotité disponible iwwerschratt gin ass.

11) Kann sou eng Donation-Partage dann contestéiert gin ?

Jo, et kann eng Action en Nullité ageleedt gin wann dem Acte net virum Notaire gemaach gin ass, oder wann déi di eppes kritt hun d’Schenkung net akzeptéiert hun.

Fir de Rescht ass et réischt nom Dout von deem deen d’Donation-Partage gemaach huet, wou een kann eng Aktioun maachen, an och dann nemmen eng « Action en réduction », fir feststellen ze loossen datt engem seng Réserve légale, also daat waat all Kand vum Gesetz hier emmer ze gudd huet, net respektéiert gin ass.

12) An wéi get daat gerechent ?

Daat hängt dovun oof op d’Konditiounen vum Gesetz respektéiert gi sin oder net.

Wann all d’Kanner déi um Moment vun der Donation-Partage gelieft hun eppes duerch d’Donation-Partage kritt hun an hieren Deel akzeptéiert hun (den Dag selwer oder och méi spéit, an engem Notaires-Act), dann get d’Valeur vun den Biens gekuckt déi se um Dag vun der Donation-Partage haaten.

Wann awer eng vun deenen Konditiounen net erfëllt ass, dann get de Waert um Dag vum Dout gekuckt, fir dann d’Valeur vun der Réserve légale ze bestemmen.

Nathalie Weber-Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu