AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1)      Waat ass eng Donation entre époux?

Et get zwou Zorten Schenkungen tescht Bestuetenen déi d’Gesetz fiergesait :

- Eng Schenkung vun den zukünftegen Bestuetenen am Contrat de mariage
- Eng Schenkung während dem Bestiedness

2)      Wéi gesait dann sou eng Schenkung vun den zukünfteg Bestuetenen aus?

Vun der Form hier get déi Schenkung einfach an den Contrat de mariage mat agebaut deen d’Leit virun der Hochzait ennerschreiwen, et get also keen eenzelnen Schenkungsacte gemaach. An et brauch een di Schenkung net ausdrecklech als solch ze akzeptéiren : de Fait datt een den Contrat de mariage ennerschreift geet duer.

Et kann een deemno deem aneren eppes waat een zu deem Moment besetzt schenken. Meeschtens ass et awer esou datt d’Koppel sech een deem aneren den hëchstméiglechen Deel vum Gesamtbesetz fir de Fall vum Dout vun engem vun hinnen schenkt.

An sou enger Schenkung kann een och Conditiounen fiergesin, déi suspensif oder résolutoire sin, datt heescht wann déi Conditioun sech géif réaliséieren waer d’Schenkung hifällech.

Dest kann zum Beispill eng Klausel sin déi viergesait datt am Fall vun enger Scheedung di Schenkung kann zreckgezun gin.

Et ass och méiglech eng Klausel fierzegesinn, datt d’Schenkung hifällech ass wann deen de schenkt den Conjoint an d’gemeinsam Kanner iwwerlieft.

3)      A wann een keng su eng Schenkung firun der Hochzait gemaach huet, kann een daat dann dono nach nohuelen ?

Jo, an dann muss een e Schenkungsacte firum Notaire maachen.

An fir datt di Schenkung valabel ass muss se och vun deem dee kritt akzeptéiert gin, am Schenkungsakt oder an engem separaten Akt.

Wann een « biens mobiliers » verschenkt, muss een och en « état estimatif » opleschten, an deen muss vun deenen Zwee ennerschriwwen an un den Acte drugehaang gin.

Zenter 1969 ass et méiglech fir eng Schenkung tescht Bestuetenen an engem enzegen Acte ze maachen wann et sech em eng géigensaiteg Schenkung handelt, vierdrun huet jiddereen missen sain eegenen Schenkungsacte maachen.

4)      Kann dann zum Beispill een vun der Koppel deem aneren duerch ee vun deenen Akten alles schenken waat en huet a waert kréien ?

Daat hängt dovun oof op Kanner do sin oder net.

Wann keng Kanner do sinn dann kann een deem aneren alles schenken.

Wann awer Kanner do, sierf et gemeinsam Kanner oder Kanner saitens deem deen schenkt, dann muss een d’Réserve légale emmer respektéieren : d’Kanner hun an deem Fall emmer eppes zegudd, an ween een doriwwer erausgeet, dann get d’Schenkung reduzéiert.

5)      Ass daat waat een dann kann gin d’selwecht wi an Fäll wou et net d’Ehepartner sin déi schenken ?

Nee, d’Gesetz huet fir dese Fall eng speziell Quotité disponible fiergesinn, déi mi grouss ass :

Wa Kanner do sin huet een d’Wiel deem aneren :

- Entweder alles ze gin, mä nemmen de Widdem dovun (d’Nue-Propriétéit geet dann direkt un d’Kanner

- Oder eng Kandsdeel en pleine Propriété, also a vollem Besetz, an de Rescht als Widdem. An deem Fall hängt et also dovun oof wivill Kanner do sin, fir ze wessen waat d’Kandsdeel ass (1/2, 1/3 oder ¼)

6)      Hun d’Kanner eng Méiglechkeet dee Widdem opzehiewen ?

Et kann een sech eens gin, an deen, deen de Widdem huet ausbezuelen.

Wann een sech awer do net eensget, dann hängt een an där Situatioun fest bis datt deen deen de Widdem huet stierft.

Et get nemmen een eenzegen Fall wou een de Widdem kann lassgin, och wann deen dee geschenkt kruut daat net wellt, an zwar dann wann deen sech erem bestiit : an deem Fall kennen d’Kanner erzwengen datt dee Widdem ausbezuelt get, an datt se dann plein Propriétaire gin.

7)      Kann een dann esou eng Donation entre époux erem reckgängeg maachen?

Jo, am Géigesaatz zu enger normaler Schenkung kann eng Donation entre époux erem reckgängeg gemaach gin.

8)      A wéi kann een daat maachen ?

Et gin zwou Méiglechkeeten :

- Entweder et wellt een se offiziell reckgängeg maachen : laut Jurisprudenz muss een daat entweder per Notairesacte maachen (well d’Schenkung jo och per Notaireacte gemaach gin ass), oder per Testament (virum Notaire oder suguer per handgeschriwwenem Testament wann all d’Conditiounen dofir respektéiert sin).

- Oder et ass eng « tacite » Révocatioun, wann een duerch eng aner Zort Acte kloer stellt datt een seng Schenkung wollt reckgängeg maachen. Daat ass zum Beispill de Fall wann een no der Donation entre époux daat waat een « geschenkt » huet verkeeft, oder engem aneren vermécht.

9)      Kennen d’Ierwen vum Verstuerwenen déi Révocatioun maachen ?

Nee, eng Révocatioun, also d’Réckzéien, vun enger Donation entre époux kann nemmen vun deem dee geschenkt huet gemaach gin.

10)  Muss déi Donation-Partage dann an d’Ierfschaft zreckbruecht gin ?

D’Wiirkung vun esou engem Widderruf ass reckwierkend op den Dag vun der Schenkung, et ass also esou wéi wann deen aneren et nie kritt hätt.

Wann deen deen se geschenkt kritt huet d’Saach weider verkaaf huet oder eng Hypothéik drop huet, dann sin déi Akten wiirkungslos.

Alles waat awer nemmen « Verwaltung » ass, bleift bestoen, zum Beispill en Bail. An déi Loyers, oder soss « Friichten » déi een, bis zum Dag wou een d’Révocatioun zougestallt kritt huet, kruut huet, kann een och haalen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu