AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1. Wat ass eng Donation Secondaire ?

Eng Donation secondaire ass eng Schenkung déi een net direkt vun engem kritt mä wou en aneren deen eppes geschenkt kritt als Oplag kritt engem aneren eppes ze ginn.

2.Wat kann dat zum Beispill sinn?

Ma et kann zum Beispill sinn datt een senger Schwëster en Haus schenkt mat der Oplag dem gemeinsamen Brudder eng gewëssen Zomm Suen ze ginn. Dann ass déi Zomm Suen déi deen deen d ‘Immobilië kritt huet muss dem aneren ginn d’Donation secondaire.

Oder et schenkt een engem vun de Geschwëster eppes, mat der Oplag eng gewëssen Zomm un d’Neveuen / Niècen ze gin.

3. A wéini muss déi bezuelt ginn?

Dat hängt dovun of wat am Schenkungsakt festgehal ass, et gëtt do déi zwou Méiglechkeeten:

- Entweder virum Dout vum Donateur
- Oder nom Dout vum Donateur

Jee nodeem wéini se muss bezuelt ginn, sinn d’steierlech Auswierkungen anerer.

4. Wéi get daat dann berechent wann et virum Dout vum Donateur muss weidergi gin?

An deem Fall gëtt den Droit de Donation, also d’Steier op der Schenkung, esou berechent wéi wann den Donateur deenen zwee Donatairen, also Schenknehmer, et direkt geschenkt hätt, an all Donataire bezilt seng Steieren op deem Schenkwert deen e kritt huet an op Basis vum Familljergad vun all respektiven Donataire.

An dann hängt et och nach dovun of, op a wéini datt den Donataire secondaire d’Schenkung akzeptéiert huet : mer hate jo gesinn datt eng Schenkung nëmmen dann valabel ass wann se vun deem dee geschenkt krut ugeholl ginn ass.

5. A wat geschitt wann di 2. Schenkung net am initialen Schenkungsakt ugeholl ginn ass?

Wann di 2. Schenkung net direkt am initialen Schenkungsakt ugeholl ginn ass mä awer nach virum Dout vum Donateur, da gëtt d’Donation secondaire mat an d’initial Schenkung dobäi gerechent fir d’Steieren ze berechnen: et ass also den Donataire principal deen di Zomm vun der ganzer Schenkung berechent kritt an da gëtt och deem saïn Famillje grad gekuckt fir d’Droits auszerechnen.

6.A wann dann den Donataire secondaire d’Schenkung awer nach unhëlt, virum Dout vum Donateur?

Wann dann den Donataire secondaire mi spéit, awer nach virum Dout, d’Schenkung unhëlt, da gëtt gekuckt op hien hätt missen méi Steieren bezuelen (zum Beispill well e méi wäit ewech oder guer net Famill ass), an dann muss en déi Differenz nach un den Enregistrement no bezuelen.

7. An wann d’Donation secondaire eréischt um Moment vum Dout un den Donataire secondaire muss gi ginn?

Vum Prinzip hier ass et esou datt och wann d’ausbezuelen réischt mam Dout vum Donateur muss geschéien, esou bleift den Akt awer e Schenkungsakt: e wandelt sech net an en Legs em. An d’Berechnen vun der Steier bleift di selwecht wéi am Beispill virdrun.

8. A wann dann d’Donation secondaire net virum Dout vum Donateur akzeptéiert ginn ass?

Wann d’Donation secondaire net akzeptéiert ginn ass virum Dout vum Donateur, dann sinn d’Konditiounen vun der Schenkung net erfëllt, an da wandelt sech d’Donatioun an e Legs em.

An deem Fall muss een dann natierlech och Ierfschaftssteier bezuelen.

9. Heescht dat datt een dann nach eng Kéier Ierfschaftssteier muss bezuelen obwuel jo den Donateur initial schonn Droits de Donation bezuelt huet?

An der Praxis ass et esou datt den Enregistrement dee Montant deen den Donataire primaire scho bezuelt huet ofzitt vum Total deen a sech ze bezuelen wären. Den Donataire secondaire bezilt also just d’Differenz vun dem Montants vun der Ierfschaftssteier minus dat wat schonn als Steier op der Schenkung bezuelt ginn ass.

10. Kennt dat dann net op dat selwecht eraus?

Neen, well am Géigesatz zu der Steier op de Schenkungen komme bei der Ierfschaftssteier nach d’10èmes dobäi, dat heescht nach e bestëmmtenen Montant deen op der Steier a sech nach berechent gëtt, an deen bei der Schenkung net gerechent gëtt.

Et gelt sech also vun Fall zu Fall ze iwwerleeën op eng Schenkung, steierlech gesinn, net eng besser Léisung wäre wéi et per Testament ze regelen oder et einfach dem Gesetz no lafen ze loossen: dat hängt vun all perséinlecher Situatioun of, a virun allem vum Famillje grad tëscht deem deen schenkt an deem dee kritt an der Valeur vun der Schenkung.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu