AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1. Waat ass d’Universalvermiechtnis?

Et schwätz een vun Universalvermiechtnis wann eng Persoun per Testament potenziell alles ierft waa den Verstuerwenen haat.

2. Heescht daat datt den Legataire universel dann d’Office beim Dout vum Verstuerwenen alles kritt waat deen haat?

Daat kann sin, muss awer net sinn. Enner anerem, wann den Verstuerwenen Kanner huet, get den Deel deen déi Persoun oder déi Persounen kréien esou reduzéiert, datt d’Réserve héréditaire déi vum Gesetz fiergesin ass respektéiert get.

3. Kann dann emmer nemmen eng Persoun légataire universel sinn?

Neen, et kann een der och méi hun.

4. An wann een dann awer och nach enger anerer Persoun eppes präzises well gin?

Et ass duerchaus méiglech och nach eng oder méi Persounen fierzegesin un déi een präzis Objets per Testament get. D’Existenz vun esou Légatairen hëllt den Charakter vum Universalvermiechtnes net ewech.

5. Daat heescht et ass een Universalierwen wann e villaicht alles kritt awer net onbedengt?

Genau, et ass deen deen duerch d’Testament géif alles kréien, wann d’Réservatairen an all di aner Ierwen di eppes per Testament kruuten zum Beispill géifen verzichten etc

6. A waat brengt et dann fir esou en Légataire universel ze nennen? Kéint een net einfach all deenen déi sollen ierwen daat direct zoukommen loosen waat se sollen kréien?

Daat kann en natiirlech och maachen, mä wann dann zum Beispill een vun den Ierwen géif verzichten, etc, dann géif seng Deel un déi Ierwen faalen déi vum Gesetz hier dru wären. Wann een daat net well kann een op d’Konzept vum Universalierwen zreckgraifen an sou déi gesetzlech Ierwen ausschléissen (sulang et net d’Réservatairen sin).

7. Wéi kann een daat dann an engem Testament ausdrecken wann een engem well en Universalvermiechtnes zoukommen lossen?

Et schwätzt een vun engem Universalvermiechtnes, wann een zum Beispill seet et géif een engem Folgendes verierwen:

- All d’Meubles an d’Immeubles

- D’Nue-Propriétéit vun allem waat een huet (wann deen den de Widdem huet stierft, get een jo dann automatesch de Besetzer vun allem an der pleine propriété)

- E puer Leit zesummen alles waat een huet: wann di aner virum Testateur stierwen oder op d’Ierfschaft renoncéieren etc get deen deen bleift aleng Propriétaire

- De Legs vun der Quotité disponible, wann keng Réservataires do sin oder wann d’Iddi hannendrun ass datt en alles kritt wann zum Beispill en Réservataire d’Ierfschaft net géif unhuelen

8. Kritt den Légataire universel daat waat en per Testament zougesprach kritt huet dann automatesch?

Daat hängt dovun oof ob Réservatairen do sin oder net.

Wann keng do sin dann geet hien automatesch de Besetzer um Moment vum Dout vum Testateur. Do hängt et dann nach dovun oof op d’Testament eent ass waat virum Notaire gemaach ass (authentique), an an dem Fall ass ausser der üblecher Ierfschaftserklärung keng weider Formalitéit néideg, oder op et en olographescht oder mystescht Testament ass. An de leschten zwee Fäll well een sech sécher sin datt d’Testament och valabel ass, an dofir get daat vum Geriicht kontrolléiert:

den Légataire universel muss den “ envoi en possession” virun Geriicht ufroen, also datt Geriicht bestätegt datt hien d’Objets aus der Ierfschaft daerf a Besetz huelen.

Wann Réservatairen do sin, dann muss den Légataire universel déi froen datt sain Undeel un der Ierfschaft him ausgehännecht get (délivrance de legs, amiable oder iwwert d’Geriicht).

9. Muss den Légataire universel och fir Scholden opkommen?

Jo, den Légataire universel muss dem Verstuerwenen seng Scholden mat iwwerhuelen, mä awer och déi Scholden déi am Kader vun der Ierfschaft, nom Dout vum Testateur entstin, wéi zum Beispill alles waat muss am Kader vum Begrief ness an vun der Liquidatioun vun der Ierfschaft bezuelt gin.

Wann keng Réservatairen do sin, dann ass den Légataire universel gehaalen fir d’Scholden ze bezuelen, suguer wann se méi héich sin wéi daat waat e kritt huet, ausser en huet «sous bénéfice d’inventaire» akzeptéiert.

Wann Réservatairen do sin, dann kann den Légataire universel nemmen gehaalen gin fir Scholden ze bezuelen bis zu deem Montant deen hien effektiv kritt huet.

10. An wann dann elo een Réservataire do ass an een Légataire universel? Oder e puer Légataires universels?

An deem Fall bezillt jiddereen Scholden proportionnel zum Prozensaatz vum Undeel vun senger Deel an der Ierfschaft.

11. Wéi gin dann déi Ierwen «ausbezuelt» déi weder Réservataire nach Légataire universel sin an awer eppes kréien?

Déi Ierwen mussen vum Légataire universel ausbezuelt gin, déi Deeler kennen net vun der Réserve oofgoen. An daat ausbezuelen ass onoofhängeg dovun wéivill Légataire universel kritt huet, an kann also suguer iwwer seng Deel erausgoen, et sierf dann en huet sous bénéfice d’inventaire akzeptéiert oder wann en Réservataire do ass.

Wann awer dem Légataire universel seng Deel reduzéiert gin ass well en Réservataire do ass, dann get och deenen aneren Légatairen hier Deel reduzéiert fir d’Réserve erem hierzestellen: den,Légataire universel kann also daat waat him oofgezun gin ass bei den Légatairen compenséieren.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu