AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

De Pacs ass jo an Villem vun den Effets hier mat der Zait emmer méi no un de Mariage geréckelt. Mä op waat muss een dann oppassen fir datte en déi Effets och ka kréien an waat geschitt wann een vun deenen zwee stierft ?

1.       Wini kann een vun den Effets vum PACS profitéiren ?

Fir datt en PACS valabel ass mussen d’Partner déi zu Letzebuerg wunnen zesummen op der Gemeng déclaréieren datt se wellen en Partenariat agoen.

Se mussen natiirlech allen zwee « capabel » sin, also net vum Gesetz hier als inkapabel déclaréiert gi sin, net Majeur protégé oder onémanizéierte Mineur sin, se därfen net schon an engem Partenariat oder Mariage sin, an kee familiairen Lien bis zum 3. Grad sin.

2.       An wann een am Ausland gepacst gin ass ?

Et kann een en Pacs hei zu Letzebuerg am Répertoire civil androen loossen, wann een, wéi en gepacst gin ass och all déi Conditiounen erfëllt huet, zesummen wunnt, an, fir Drëttstaatler, wann een legal hei zu Letzebuerg wunnt.

Et mecht een dofir eng Ufro beim Parquet Général.

Wann et bis agredroen ass kann de Pacs och all seng Effets entfaalen.

Et muss een esou en Pacs net androen loossen, et ass en Choix fir daat ze maachen.

3.       Waat geschitt dann elo wann ee gepacst ass an ee vun de Partner stierft ?

Wann ee gepacst ass an ee vun de Partner stierft an et ass naischt festgehaal gin per Testament, dann ierft deen aneren net.

4.       A wann een dann awer well datt deen aneren eppes kritt ?

Wann een wellt datt den Partner eppes kritt dann muss een daat iwwert eng Schenkung maachen, also éier een stierft, oder per Testament festhaalen waat een wellt datt deen aneren no engem sengem Dout kritt, an dest natiirlech emmer am Respekt vun den üblechen Ierfschafts-Reegelen

5.       Muss een dann Ierfschaftsteier bezuelen ?

Wann een méi wi 3 Joër gepacst war wann deen een Partner stierft, dann bezillt een keng Ierfschaftsteier op deem waat een ierft, genau esou wéi et beim Iwwerliewenden an enger bestuetener Koppel ass.

6.       A waat geschitt wann Kanner do sin ?

Och hei ass de Prinzip datt een d’Kanner net kann entierwen: wann een also emmer géif méi per Testament gin wéi d’Gesetz et erlabt well eben Kanner do sin, dann get reduzéiert.

7.       Get et dann och den Equivalent vun der Communauté universelle avec attribution au survivant am Kader vum Pacs?

Neen, daat ass eng vun den Formen vum Contrat de mariage, daat gett et net ennert der selwechter Form am Kader vum Pacs.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu