AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1. Wéi eng Zort Legs gëtt et dann nach ?

Et gëtt zum Beispill nach den Legs à titre universel

Deen deen en Legs à titre universel kritt ass deen deen en gewëssen Deel vun der Quotité disponibel kritt.

Dat kann dee sinn
- deen eng Quote part (1/3, 1/10, eng Halschent etc) vun der Quotité disponibel kritt,
- deen all d’Immobilien kritt
- deen all d’Meubles,
- deen eng Quote part (1/2, 1/3, …), also eng gewëss fix Quantitéit vun allen Immobilien kritt
- deen eng Quote part (1/2, 1/3, …), also eng gewëss fix Quantitéit vun allen Miwwelen kritt.

2. Kritt hien dat dann automatesch ?

Neen, den Légataire à titre universel muss d’Réservatairen, oder den Universalierwen oder di aner Ierwen di vum Gesetz virgesi sinn froen datt hien säin Legs ausgehännecht kritt.

Hien huet d’Friichten vun deem wat en ierft ab dem Stierf Datum ze gutt, wann en d’Aushännegung innerhalb vun engem Joer ab dem Dout freet.

3. An wann eng Schold do ass?

Dann muss den Légataire à titre universel déi Scholden matdroen, proportional par rapport zu deem wat hien kritt huet. Wann en also zum Beispill 5/8 vun der Ierfschaft krut, muss en och 5/8 vun der Schold droen, awer just bis zu deem Montant deen hien kritt huet.

4. An wann een dann nëmmen punktuell eppes kritt?

Dann schwätzt een vun engem Légataire à titre particulier: dat ass zum Beispill deen deen den Auto kritt, präzis Bijouen, e gewëssent Bild, all d’Immobilien an engem gewëssen Duerf, all d’Miwwelen an engem präzisen Haus etc

Also alles wat determinéiert ass oder kann determinéiert ginn.

5. An wéi kritt en dann déi Saachen ?

Den Légataire à titre particulier muss froen datt säin Undeel un der Ierfschaft him ausgehännecht gëtt (délivrance de legs, amiable oder iwwert d’Geriicht), obwuel en ab dem Stierf Datum Propriétaire ass.

Hien huet d’Friichten vun deem wat en ierft am Prinzip ab deem Dag ze gutt wou en déi Aushännegung freet, oder deen Dag wou en se fräi wellech zougesprach krut.

En huet d’Friichten awer ab dem Stierf Datum ze gutt wann dat esou am Testament virgesinn ass, oder wann et sech beim Legs particulier em eng liewenslaang Rent oder em Alimenter handelt.

6. Kann den Légataire à titre particulier dann och fir Scholden haftbar gemaach gin ?

Nee, den Légataire à titre particulier muss net fir Scholden an Käschten vun der Ierfschaft opkommen.

Mä wann awer eng Schold op deem waat en ierft drop ass, dann muss en déi awer bezuelen. Wann en also zum Beispill eng Immobilie kritt an op daer ass nach Schold drop, dann muss hien déi Schold weider bezuelen.

7. Kann dann den Légataire à titre universel oder den Légataire particulier eventuell alles kréien wat an der Ierfschaft dran ass ?

Nee, nëmmen den Universal ierwen, also den Légataire universel kann eventuell Ierwen vun allem ginn wat an der Ierfschaft dran ass. Wann zu Beispill engem Légataire à titre universel säin Legs null an nichteg ass, dann geet deenen aneren Légataires à titre universel (wann der dann do sinn) hier Deel net doduerch an d’Luucht.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu